Lokales: Sickerbrand an engem Eefamiljenhaus zu Einen
RTL - 03.09.2010, 08:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 09:51
Zu Einen hat et en Donneschdeg an engem Eefamiljenhaus gebrannt. D'Feier hat sech aus nach net gekläerte Grënn an engem Zëmmer ënnert Daach declenchéiert.

Et huet e Sickerbrand ausgeléist deen zu enger staarker Dampentwécklung gefouert huet. D'Pompjeeë konnte de Brand séier ënner Kontroll kréien. Et ass kengem Mënsch e Leed geschitt.

