Greenpeace: Aktioun a Ministère wéint Sotel-Sträit e Freideg
RTL - 03.09.2010, 11:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 12:20 | 22 Commentaire(n)
De Sträit tescht Greenpeace an der Sotel geet weider. An dem Kontext war e Freideg eng Aktioun vun der Ëmweltorganisatioun am zoustännege Ministère.

Greenpeace huet och kee Versteestemech dofir, dass den zoustännege Minister Marco Schank nach net intervenéiert huet. A genee dofir stoungen d'Aktivisten fir eng weider Aktioun viru senger Dier an der Montée de la Pétrusse.

D'Banderole mam Minister drop, dee seet "Et ass kee Problem" gouf héichgehalen. Et gouf ugefaangen um Schëld vum "Ministère du Développement durable et des Infrastructures" ze fréckelen an ze schrauwen, bis op eemol en neien Panneau, mat der Opschrëft : "Ministère de la destruction durable et des infrastructures nucléaires" do houng.

Greenpeace huet de Marco Schank opgefuedert, endlech seng Responsabilitéiten ze huelen. De Minister war och bereet, mat den Aktivisten ze diskutéieren

Natierlech läit Greenpeace och de Problem vum Nuklearen um Mo, sou de Roger Spautz, deen allerdéngs och nom Gespréich mam Minister net zefridde war. Greenpeace huet schonn e Référé beim Verwaltungsgeriicht agreecht, mat der Demande de Chantier direkt ze stoppen.


Äre Commentaire