Lokales: Automobilist mat 166 op der Autobunn gestoppt
RTL - 03.09.2010, 14:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 14:03
D'Police huet an der Nuecht op e Freideg op der Autobunn A4 bei Steebrécken een Auto gestoppt, dee mat 166km an der Stonn gefuer ass, amplaz 130.

Den Alkoholtest war positiv, de Mann gouf protokolléiert.
Géint 02h45 ass d'Police enger Fra an der Gaasperecher Strooss mat bloe Luuchten nogefuer, nodeems se duerch Rout gefuer war. D'Automobilistin huet Uganks guer net op de Policeauto reagéiert. Wéi se dunn endlech konnt gestoppt ginn, hunn d'Beamte gemierkt, datt d'Fra vill ze vill gedronk hat: Si ass während der Kontroll e puer Mol bal ageschlof. De Führerschäin war deemno op der Plaz fort.

