Caritas Lëtzebuerg: Hëllefsprojet fir 950 Stéit am Pakistan

RTL - 03.09.2010, 16:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 19:07

D'Caritas Lëtzebuerg deelt mat, datt am Pakistan an der Provënz Sindh Plastiksbaatschen, Decken, Kachutensilien, Hygiènesartikel a Latrinnen verdeelt ginn.

950 Stéit kréie mat dësem Projet gehollef. E kascht 150.000 Euro, 100.000 Euro komme vun der Lëtzebuerger Regierung, déi aner 50.000 sinn Donen, déi d'Caritas bis elo krut. De Projet gëtt zesumme mat der Schwäizer an der amerikanescher Caritas ëmgesat. D'Organisatioun wëll och beim Neesopbau hëllefen an ass dofir op weider Spenden ugewisen. Wann der si wëllt ënnerstëtzen, fannt der d'Kontosnummer op caritas.lu