Juncker: Wann d'Sozialpartner stur bleiwen, keng Tripartite

RTL - 03.09.2010, 16:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 18:09

Jean-Claude Juncker: Wann d'Gewerkschaften an d'Patronat weiderhi stur bleiwen an net dialogbereet sinn, da gëtt et keng Tripartite.

De Premier Jean-Claude Juncker gesäit nämmlech an den nächste Wochen nach emol d'Sozialpartner en vue vun enger eventueller Tripartite.

Dat huet de Premier e Freideg um Briefing fir d'Press, nom éischten Regierungsrot no der Summervakanz ënnerstrach.

Egal wéi géif et keng Tripartite ginn, déi sou an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt wéi déi lescht.

Wat déi wirtschaftlech Situatioun vum Land ugeet, huet de Jean-Claude Juncker betount, dass trotz enger däitlecher Erhuelung am Euro-Raum nach ëmmer Risiko-Faktore bleiwen.

Fir d'Staatsfinanze bis 2014 nees an den Equiliber ze kréien, misst de Spuerprogramm agehal ginn.

D'Gespréicher, déi de Luc Frieden mat de Ministeren iwwert den nächste Budget huet, sinn dofir och schwiereg, esou nach de Jean-Claude Juncker.

Ënnert de konkreten Decisiounen am Regierungsrot ass eng interessant Ännerung fir Kandidaten a Kandidatinnen, déi Prof am Secondaire wëlle ginn. Déi, déi hir Unis-Studie mat engem Doktorat ofgeschloss hunn, musse wuel nach de Stage maachen, awer net méi de Travail de Candidature oder Memoire.

De Regierungsrot huet decidéiert, eng Partie grouss Bauaarbechten um Unis-Site op Esch Belval virzezéien – dorënner d’Zuelenhaus, d’Maison du Nombre mam Schwéierpunkt Informatik a Mathe, fir 51 Milliounen Euro ; an d’Konscht- a Studentenhaus, fir 14,4 Milliounen.

De Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo huet am Conseil e neie System fir eng Carte Medicale presentéiert. Do gëtt eng Agence gegrënnt, d’nächst Joer ginn 3 Milliounen Euro, an d’Joer drop 11 Milliounen Euro an dee Karte-System investéiert. Jidderee soll esou eng Carte Médicale kréien mat den Detailler vun der medezinescher Behandlungsgeschicht. Esou soll de System méi efficace gemaach ginn.

An a propops Gesondheet: Dem Justiz- an Héischschoulminister Francois Biltgen wor jo operéiert ginn. Et geet him ganz gutt, sot de Jean Claude Juncker.