Police a Pompjeeën op der Fouer: Bis elo eng roueg Editioun

RTL - 03.09.2010, 18:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 18:45

Sécherheet op der Fouer: D'Police an d'Pompjeeën hunn allebéid e Stand um Glacis. Bis elo wier et eng ganz roueg Fouer gewiescht, seet d'Police.

Asaz vum 25. August wéint engem Kichenbrand.

Schonns zanter 2 Woche kommen all Dag Dausende vu Leit op d'Schueberfouer. Do kënnt et natierlech och dacks mol zu Tëschefäll. Dofir hunn d'Police an d'Pompjeeën an der Entrée zur Fouer e Stand, wou ee sech bei all méigleche Problemer kann u si riichten, a vu wou aus si kënnen intervenéieren.

Bis elo wier et eng ganz roueg Fouer gewiescht, seet de Serge Arendt vun der Police. Zwar koumen si zu enger ganzer Rei Asätz, mä dat wieren der verhältnisméisseg wéineg gewiescht. Dacks ass Alkohol mat am Spill.

An 3 Fäll huet d'Police missen déi betraffe Leit an der Ausniichterungszell ënnerbréngen. Ma si ginn awer och fir ganz aner Saache geruff.

Bei der Police kann een sech och mellen, wann een eppes fonnt oder verluer huet. Bis elo goufe 47 Objeten ofginn a 14 als vermësst gemellt.

Ënnerstëtzt ginn d'Poliziste vun de Pompjeeën a Secouristen, deenen hire Stand direkt dernieft ass. Si koume bis elo op 80 Interventiounen, seet de Fred Schiltz vun de Beruffspompjeeën. Réischt eng Kéier hat et bis elo gebrannt. Dat wor allerdéngs nëmmen eng kleng Friteuse, an d'Pompjeeën haten d'Feier séier ënner Kontroll.