Luxair: Streik a Frankräich mat Auswierkungen op Volen
RTL - 06.09.2010, 10:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 08:03
Luxair: De Streik vun de Fluchlotsen a Frankräich vun e Méindegowend bis e Mëttwochmoien huet Auswierkungen op de Fluchplang a Richtung Frankräich.

Am ganzen Hexagone gëtt nämlech gestreikt an dat huet eng Rei Repercussiounen op de Fluchtrafik an Schinneverkéier mat Lëtzebuerg.
Um Findel gëtt haut de ganzen Dag iwwer mat Verspéidunge gerechent.
Betraff sinn an der Haaptsaach d'Verbindunge mat Paräis a Nice
Am grousse Ganzen ass de Fluchverkéier awer liicht duerchernee gerëselt.
D'Luxair freet hir Passagéier, sech ënner www.luxair.lu iwwert de Status vun hirem Fluch z'informéieren, ier si op de Findel kommen.
Och op der Schinn ginn et, wéi gesot, Perturbatiounen. Betraff ass hei de regionale Grenzverkéier an dann och d'Linne mat Stroossbuerg, Paräis, Nice an Basel.
Den Detail fannt der och hei um Internetsite vun der Bunn, dem cfl.lu oder um Telefon 2489-2489

