Accident zu Schuller: Automobilist rennt a Bushaischen

RTL - 06.09.2010, 10:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 13:11

Lokales: Um Méindegmoien ass et engem Mann schlecht ginn. En en huet mat senger Camionette e Lutepoteau gesträift an ass dunn an e Bushaischen gerannt.

© Pompjeeën Dippech
De Mann ass fir eng Kontroll an d'Spidol komm.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Dippech, de Sauvetage an d'Ambulanz vu Péiteng, souwéi d'Police vu Capellen.

E Sonndeg den Owend kuerz no 19.00 Auer da war en Automobilist tëscht Stroossen an dem Briddel an d'Hecke gaangen.
Wéi d'Police op d'Plaz koum souzen zwee Leit am Auto. Aenzeien hunn awer behaapt, deen hannert der Rénkel wier guer net gefuer. D'Police huet du festgestallt, datt deen anere kee gëltege Permis méi hat. De Parquet huet eng Enquête ordonnéiert.