2 nei Site fir Wandmillen am Norden an am Süde vum Land

RTL - 06.09.2010, 12:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 12:50 | 36 Commentaire(n)

De Bau vun neie Wandmillen am Park zu Hengescht an zu Kiemen-Heischent sinn an der Autorisatiounsphase, ausserdeem sollen 2 nei Siten entstoen.

© SEO

Den Aktiounsplang fir erneierbar Energie gouf vrun e puer Méint vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké presentéiert.

Deemno solle bis 2020 11 % vum Energieverbrauch hei am Land duerch erneierbarer Energie gedeckt ginn. Dovu solle 4 Prozent hei am Land produzéiert ginn, déi aner duerch Zesummenaarbechten am Ausland.

Den Deputéierte Marcel Oberweis wollt an enger parlamentarescher Fro vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké wëssen, wéi et da bis elo mat der Ëmsetzung ausgesäit.

De Marcel Oberweis wollt mol fir d'éischt wëssen, wéi et mat deene verschiddene Projete virugeet, fir nei Wandmillen hei am Land opzeriichten an aler duerch méi performanter z'ersetzen. Heirobber huet de Wirtschaftsminister geäntwert, dass et just géif a senger Kompetenz leien, Objektiver fir den Aktiounsplang ze definéieren an ze kucken, dass dës och agehal ginn. Am Endeffekt géif et awer un de Bedreiwer vun de Wandmille leien, wat si lo draus man. Op Nofro hätt awer d'SEO confirméiert, dass de Bau vun neie Wandmillen am Park zu Hengescht an zu Kiemen-Heischent an der Autorisatiounsphase wieren, ausserdeem sollen 2 nei Site mat Wandmillen am Norden a Süde vum Land entstoen.

Eng weider Fro hat de Marcel Oberweis, wat d'Solarenergie ugeet. Hien ass der Meenung, dass ee misst en 10-Jores-Plang opstellen, dee festleet, wéi vill Solaranlage mat wéi enger Capacitéit iwwert dësen Zäitraum sollen opgeriicht ginn. De Wirtschaftsminister mengt dozou, dass ebe grad den Aktiounsplang fir erneierbar Energien dëst scho festleet.

Eng aner Fro war, wéi eng konkret Projeten et bis elo ginn, fir sech un Off-Shore Wandmillen am Balteschen oder um Nordmier ze bedeelegen. Hei huet d'Sociétéit Enovos dem Jeannot Krecké confirméiert, dass si sech um Wandmille-Projet Bard 1 am däitschen Nordmier bedeelegt.

Zum Schluss wollt de Marcel Oberweis nach iwwert déi verschidde Mechanissem vun der Nohaltegkeet informéiert ginn. Dobäi huet hie gemengt, dass een direkt mat Ziel-Länner wéi z.B. dem Senegal oder dem Cap Vert sollt cooperéieren. De Wirtschaftsminister erkläert, dass dat awer net sou einfach wier. De Kyoto-Protokoll géif zwar ganz flexibel Zesummenaarbecht erméiglechen, ma Cooperatiounen an aner Domainer géifen iwwert EU-Directive lafen. Eng Zesummenaarbecht mat Länner, wéi z.B. dem Senegal oder dem Cap Vert, wier just méiglech, wann si och un den Elektricitéitsreseau vun der EU ugeschloss wieren.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!