Statec: An der Industrie an um Bau geet et biergop

RTL - 06.09.2010, 13:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2010, 07:24 | 4 Commentaire(n)

An der Industrie an um Bau geet et nees biergop. Am zweeten Trimester vun dësem Joer goungen d'Aktivitéiten an dëse Secteuren ëm 2,7 Prozent an d'Luucht.

Dat am Verglach mat den éischten 3 Méint vun dësem Joer.

Aus der neister Note vum STATEC geet zwar och ervir, datt d'Croissance vun der Industrieproduktioun liicht ofgebremst gouf. An den deenen dräi viregten Trimester goung et nämlech méi staark biergop.

Am verglach mam europäeschen Ausland sti mer gutt do. Déi europäesch Moyenne läit bei enger Croissance an der Industrieproduktioun vun 2,5 Prozent fir dat zweet Trimester vun dësem Joer.

De Verglach mat der daitscher Industrie fällt manner gutt aus – hei ass d'Produktioun ëm 4,8 Prozent an d'Luucht gaangen.

D'Relance an der Stolindustrie huet sech am zweeten Trimester konfirméiert. Hei ass d'Aktivitéit ëm 11,7 Prozent par rapport zum éischten Trimester geklomm.

An deenen aneren Secteuren vun der Industrie läit de Wuesstem mat 1,7 Prozent däitlech méi niddreg – dat Resultat ass och dat nidregst, zanter dem zweeten Trimester 2009.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!