Portugal: 1. Dag Staatsvisite fir d'groussherzoglech Koppel

RTL - 07.09.2010, 07:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 08:56 | 13 Commentaire(n)

Déi groussherzoglech Koppel ass fir eng Staatsvisite a Portugal. Béid Länner missten nach e puer Erausfuerderunge meeschteren, sou de Groussherzog.

© 2010 SIP / Charles Caratini

Ënnert anerem ass et och eng wirtschaftlech a finanziell Missioun. D'Chambre de Commerce organiséiert an deem Sënn e Seminaire zu Lissabon. Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht den Agencen "Luxembourg for Business", "Luxembourg for Finance" an der Lëtzebuerger Ambassade a Portugal.

Dës Missioun soll de Lëtzebuerger Entreprisen et erméiglechen, hir Kontakter a Portugal ze verstäerken, an hinnen d'Geleeënheet bidden, nei Partner op der Plaz ze fannen.

Ëmmerhi ginn et eng ganz Partie economesch Bezéiungen tëscht Lëtzebuerger a Portugiseschen Entreprisen: 2009 war Lëtzebuerg dee 7 direkten Investisseur a Portugal, no Frankräich, Spuenien an Holland. Enger rezenter Etude vun der Chambre de Commerce no, exportéieren 900 portugisesch Entreprisen hir Produiten direkt op Lëtzebuerg. Am Grand-Duché si 50 portugisesch Firmen am Bausecteur aktiv, eng 100 portugisesch Entreprisë sinn an der Restauratioun implantéiert.

Déi Zuelen an déi Bezéiungen tëscht deenen zwee Länner si ganz einfach mat der Geschicht vun de Portugisen zu Lëtzebuerg z'erklären. No den Italiener sinn d'Portugisen an de 70er Joer „en masse“ op Lëtzebuerg komm: haut maachen si ëmmerhinn 37% vun der auslännescher Communautéit zu Lëtzebuerg aus.

Déi groussherzoglech Koppel profitéiert awer och vun hirer Visite fir dee kulturelle Volet ze couvréieren: Si geet op dem grousse Portugisesche Schrëftsteller Luis Vaz de Camões säi Graf an och an d'Stad Cascais. Do steet nämlech een Haus, dat am zweete Weltkrich fir d'Grande-Duchesse Charlotte eng grouss Bedeitung hat. Si war virun de Nazi geflücht an hat sech do exiléiert.

Den Ausseminister Jean Asselborn an den Wirtschaftsminister begleeden de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse op hirer Rees a Portugal.


Portugal: 1. Dag Staatsvisite fir d'groussherzoglech Koppel (07.09.2010)
Déi groussherzoglech Koppel ass fir eng Staatsvisite a Portugal. Béid Länner missten nach e puer Erausfuerderunge meeschteren, sou de Groussherzog.


1. Dag vun der Staatsvisite

D'Arrivée war kuerz no 11 Auer um Lissabonner Fluchhafen. Nom offiziellen Accueil vun der portugisescher Delegatioun ass et dunn direkt a Richtung Belem gaangen, an dee Monastaire, wou de gréisste portugisesche Schrëftsteller a Poet Luis Vaz de Camoes begruewen ass.

Hei huet de portugisesche President Cavaco Silva déi groussherzoglech Koppel an hir Delegatioun empfaang. Op där Plaz huet de Grand Duc Henri och fir d'éischte Kéier op enger Staatsvisite eng offiziell Deklaratioun gemaach, wat weist, datt hien eng ganz speziell Bezéiung zu Portugal huet.

An och den Ausseminister Jean Asselborn ass der Meenung, datt déi ronn 90.000 Portugiesen, déi zu Lëtzebuerg liewen, mat gehollef hunn, aus Lëtzebuerg dat Land ze maachen wat et haut ass.

Géint 16 Auer en Dënschdeg huet de Jean Asselborn mam portugiseschen Ausseminister Luis Amado en duebelt Besteierungsofkommes ënnerschriwwen a nach emol betount, datt hie frou wier, datt Lëtzebuerg a Portugal dat selwecht vun der europäescher Unioun erwaarden.

Am Kader vun där Visite, a fir déi gutt bilateral Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg z'ënnersträichen, huet de portugiseschen President Anibal Cavaco Silva déi groussherzoglech Koppel, an déi Lëtzebuerger Delegatioun en Dënschdegowend op e Gala-Diner an de Palais vun Ajuda invitéiert.

Mä ier d'Owesiessen zervéiert gouf, huet de Grand-Duc eng Ried gehal, an där hien ënner anerem drop opmierksam gemaach huet, datt Lëtzebuerg a Portugal, trotz hirer gudder Relatioun, nach eng ganz Partie Erausfuerderungen meeschtere mussen.

Um Mëttwoch stinn erëm eng ganz Partie Visiten um Programm: Eischt Destinatioun ass d'Schlass Sao Jorge, duerno gëtt d'Grande-Duchesse Maria Teresa an enger Associatioun fir aidskrank Kanner erwaart, iert déi groussherzoglech Koppel sech dann beim portugiesesche Premier José Socrates erëm trëfft. Vun do aus geet et dann um Halwer 4 op Cascais an dat Haus, an deem d'Grande-Duchesse Charlotte während dem zweete Weltkrich opgeholl gouf.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!