Asti: Appel fir bei Manif fir Frontaliere matzemaachen

RTL - 06.09.2010, 15:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 16:32

D’Asti mécht en Appel, fir bei der Manifestatioun vum 16. September matzemaachen. D’Manif soll jo en Zeeche vu Solidaritéit mat de Frontaliere sinn.

D’Manif gëtt vun de grousse Gewerkschaften organiséiert. Si kréien jo, am Kader vun der Regierung hire Spuermesuren, ënner anerem d’Kannergeld no 18 Joer gestrach. D’Asti kritiséiert an hirem Communiqué, dass um Bockel vun de Frontaliere gespuert gëtt, deene Leit, déi 40% vun der "Main d’oeuvre" zu Lëtzebuerg ausmaaachen, a vill Suen a Form vu Steieren am Land loossen.