ArcelorMittal: D'Stolpräisser klammen erëm

RTL - 06.09.2010, 16:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 16:27

D’Konjunktur erhëllt sech an d’Stolpräisser klammen nees. ArcelorMittal erhéicht am Oktober de Präis fir waarm gewaltze Flaachstol vu 600 op 630 € d'Tonn.

Dat huet e Méindeg e Porte Parole vun ArcelorMittal matgedeelt. De Präis fir d’Matières premières, Eisenäerz a Kuel, sinn an der Lescht geklommen. Dat musse mer un d’Cliente weiderginn, esou ArcelorMittal.

An den éischten dräi Trimestere vun dësem Joer hunn d’Stolpräisser sech verduebelt par rapport vum Enn vum Krisejoer 2009.