Horesca: Neie Gesetzprojet Menace fir Bistroen a Brauereien

RTL - 06.09.2010, 17:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 17:54 | 42 Commentaire(n)

Horesca: Den neie Projet de loi iwwer d’Bistroen ass eng Menace fir d’Bistroen, déi et scho gëtt a fir déi lescht Lëtzebuerger Brauereien.

Dat seet de Jean Schintgen, de Generalsekretär vun der Horesca. Am neie Gesetz gëtt geplangt, datt jiddereen, deen dem Staat fir 15.000 Euro eng Konzessioun ofkeeft, e Bistro opmaache kann.

Bis ewell war d’Konzessioun fir e Bistro territorial un d’Gemeng gebonnen, pro 500 Awunner ee Bistro. Dat seet, de Jean Schintgen, fält ewech an de Präis fir d’Konzessioun geet mat dem komplizéierte Gesetz erof. An Zukunft kéint een eng Konzessioun kafen a lassfueren. Den Esprit vum Gesetz vun 1989, wat d'Zuel vun de Bistroe reglementéiert huet, fält elo flach.

U sech, denkt een als Laien, keng schlecht Saach, datt jidereen mat e besse Geld kéint Patron vun engem Bistro ginn. Mir hunn awer elo schonn 300 Bistroen ze vill, sou de Jean Schintgen. Da kommen an den nächste Joren nach 500 bis 600 dobäi, da wier et fir verschidden Entrepreuren net méi flott.

Haut ass et esou, datt d’Concessioune vum ale Patron op den neie Patron iwwerginn, de Präis ass 40 bis 50.000 Euro, zum Beispill, an der Stad. Fir all Bësetzer vun esou enger Konzessioun ass et eng "Perte sèche", sou de Jean Schintgen.

Foto: t.y
Mä de Jean Schintgen fäert net nëmmen, datt et vill Failliten am Bistros-Secteur gëtt. Vill Konzessioune gehéiere bis ewell den 3 Lëtzebuerger Brauereien a vu datt déi domat e garantéierten Ëmsaz hunn, kéint et sinn, datt se deen Ëmsaz wéint dem neie Gesetz einfach verléieren. Konsequenz: Mëttelfristeg hu mir kee Lëtzebuerger Béier méi, mengt de Jean Schintgen.

An domat net genuch: Bei der Horesca fäerten se och, datt d’Bistroe sech an der Stad an an de Stied konzentréieren – a vun den Dierfer verschwannen.


 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!