M. Weydert: Tram ass dat Bescht, wat Fouer passéiere kann
RTL - 06.09.2010, 17:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2010, 07:25 | 32 Commentaire(n)
"Den Tram ass dat Bescht, wat der Fouer passéiere kann". dat seet de Marc Weydert, Plazmeeschter a Responsabele vun der Stad Lëtzebuerg.

Dovunner ginn d'Forainen aus, an och de Marc Weydert. E verbesserten ëffentlechen Transport bréngt méi Leit op d'Fouer. D'Zuel vun de Visiteure kéint vun zwou Milliounen op zwou an eng hallef erop goen. Den Duerchschnëttsclient vu groussen Evenmenter géif manner ausginn, dofir misst ee méi Leit sensibiliséieren, fir op esou Manifestatiounen ze kommen.
D'Plaz um Glacis gëtt mam Tram méi kleng. Et gëtt awer nach e bësse Spillraum. Am Gastronomie-Sekteur wäert vläicht deen een oder aneren e bësse verléieren. D'Stéck an der Mëtt, wou deen ënnerirdesche Passage ass, misst d'Fouer nees bäi kréien. Dernieft kënnt dann eng Dezentralisatioun. An der Allée des Déportés laanscht de Kirfescht erof géife jo da keng Autoe méi fueren. Och bei der aler Europaschoul kéint ee Plaz gewannen.
De Chantier awer mécht de Forainen am meeschten Angscht. Vun den neien Infrastrukturen (Elektresch, Waasser, Kanalisatioun) profitéiert awer och d'Fouer, mengt de Marc Weydert. Et kéint een dat nämmlech esou guer ënnerierdesch leeën, fir datt dat zu all Moment zougänglech ass. Et kéint een och d'Poubellen hei aplangen.
Konkret geplangt muss awer fir d'éischt den Tram ginn. Nach ass jo net gewosst, wéini d'Aarbechten dovunner sollen ufänken. Déi fänke jo fréistens 2014 un; den Ament lafen nach d'Etude fir den Tram, d'Regierung muss den Ament spueren.


Äre Commentaire