natur&ëmwelt: Neit Gesiicht vu 4 Ëmwelt-ONGen

RTL - 07.09.2010, 11:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2010, 13:32

Déi 4 Ëmweltorganisatiounen Natura, Haus vun der Natur asbl, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga a Fondatioun Hëllef fir d'Natur triede lo zesummen op.

An Zukunft triede si an der Öffentlechkeet nëmmen nach zesummen ënnert dem Numm "natur&ëmwelt" op.

D'Zil vun den Organisatiounen bleift weiderhinn d'Erhalen vun der Biodiversitéit, an och d'Methoden bleiwen déi selwecht: d'Sensibiliséierung an d'Berodung vun der Populatioun.