Den Yves Mersch ass fir eng Bankesteier, och zu Lëtzebuerg
RTL - 07.09.2010, 12:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 08:43 | 21 Commentaire(n)
Net nëmmen zu Bréissel, och hei am Land gëtt iwwert eng méiglech Bankesteier diskutéiert. Den Yves Mersch huet seng Propositioune virgestallt.

Et geet drëm datt d'Finanzplaz preparéiert ass, wann eng weider Bank géif an d'Labrente kommen. Iwwert dës Bankentaxe soll deemno, der BCL no, e Fong gespeist ginn deen aspréngt wann eng Bank Faillite mécht fir d'Clienten ausbezuelen. D'Dépôten op der Bank si jo zanter dem Ufank vum leschte Joer bis 100.000 Euro ofgeséchert. Den ablackleche System packt dee Montant awer net. An duerfir sollen d'Banken, der Zentralbank no, an Zukunft engersäits opgrond vun hiren Depôten an aneresäits opgrond vun hirem Risiko besteiert ginn oder an anere Wieder, Obligatiounen an engem Fong prett halen, déi am Fall vun enger neier Bankefaillite benotzt kënne ginn.
|
Um Dënschdegmoien war ee generelle Gedankenaustosch iwwert dës Propos. Wéini mat engem effektive Gesetztext ze rechnen, a wéi deen am Detail ausgesi soll, ass den Ament nach schwéier soen.
Zentralbank:jo zu Bankesteier (07.09.2010)Rollen mussen am viraus kloer verdeelt ginn,wann Lëtzebuerg besser op eng Bankekris preparéiert soll sinn.Seet den Yves Mersch.Dofir plädéiert Zentralbank dofir |


Äre Commentaire