ADR: Grondsätzlech Kritik um neie Grondschoulgesetz

RTL - 07.09.2010, 12:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 07:41 | 18 Commentaire(n)

D'ADR ass déi eenzeg Partei an der Chamber, déi grondsätzlech net mam neie Grondschoulgesetz d'accord ass, virun allem wat Kompetenzen a Bilanen ugeet.

D'Reformpartei kritiséiert net nëmmen, datt den neie System zum Beispill ze séier ëmgesat gouf, mä ass allgemeng skeptesch, wat Kompetenzen a Bilanen ugeet.
Virun der Rentrée an no engem Joer Grondschoulgesetz mécht d'ADR sech Suergen iwwert déi aktuell Situatioun an de Schoulen.

D'Reform ass, wéi se ugepak gouf, verfeelt, seet de Fernand Kartheiser. D'Konzepter, déi elo hei am Land applizéiert ginn, goufen an anere Länner schonn nees ofgesat, zum Beispill an der Belsch, Kanada oder zum Deel an Däitschland.

D'ADR gleeft un eng Schoul, déi Leeschtungskultur vermëttelt, fir datt d'Kanner och am spéidere Beruffsliewe kënne mathalen. Den ëmmer positiven Toun - "l'élève est capable de..." - giff e falscht Bild vermëttelen a stéiert de Fernand Kartheiser. D'Kand misst mat Frustratiounen eens kënne ginn. Et muss léieren, sech unzestrengen an op d'Zänn ze beissen. De Feelerbegrëff géif praktesch net méi existéieren. Dowéint géifen d'Kanner e falscht Bild vun hirem Leeschtungsverméigen kréien.

 AUDIO: De Fernand Kartheiser »



An der Schoul gëtt et ze vill Demotivatioun. Net nëmme vill Schüler hu keng Loscht ze léieren, mä och d'Léierpersonal wier dacks demotivéiert...nach méi mam neie System, fäert d'ADR. Fir dat z'änneren hätte missen d'Strukturen an de Schoule geännert ginn. E Schouldirekter wär néideg gewiescht. D'ADR hätt déi gutt Saache vum ale System bäibehalen, mä hätt och reforméiert an eng Rei Saache verbessert. Zum Beispill, datt an den Zensuren nieft de Punkten och eng individuel Beschreiwung vun de Leeschtungen opgefouert gëtt. Dernieft ass den Dialog tëscht der Schoul an den Elteren eng gutt Saach.

D'Reformen, déi d'ADR gemaach hätt, wären an eng aner Richtung gaangen. Och d'ADR hat u Cyclen geduecht, mä de Leeschtungsprinzip net ënnerhillegt. Mat de Prüfungen hätten d'Schüler an d'Elteren ëmmer besser gewosst, wou de Schüler dru war. Bei de pädagogesche Methoden giff et elo zevill Duerchernee ginn an d'Kompetenze wären allgemeng ze déif ugesat (fir jiddwereen mat duerch ze huelen), mengt d'ADR.



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!