Kannergeld-Gesetz: 5 Gewerkschaften ruffen zum Streik op

RTL - 07.09.2010, 12:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 08:52

5 Gewerkschaften ruffen zum Streik op, well se net averstane sinn mam Gesetz 6148, bei deem Frontaliers-Kanner iwwer 18 Joer d'Kannergeld gestrach kréien.

D'Gesetz 6148 ass onsozial an iwwer de Knéi gebrach. Dat ass d’ Kritik vu 5 Gewerkschaften um Gesetz, mat deem d'Kannergeld gestrach gëtt fir Frontaliers-Kanner, déi iwwer 18 Joer al sinn a studéieren.

Domat gëtt en Zwee-Klasse-Sozialstaat geschaft, well d'Frontalieren sozial a fiskal anescht behandelt ginn wéi d’Residenten, soen d’ Gewerkschaften. An och déi méi aarm Residenten giffen duerch dat neit Gesetz méi schlecht do stoen, hätte Rechen-Beispiller gewisen.

OGBL, LCGB, Landesverband, Syprolux an Aleba machen dowéinst en Opruff, de 16. September nomëttes um 17 Auer op der Clairefontaines-Platz ze manifestéieren.

A wann dat net duer geet, sot de Marc Glesener vun der Aleba, da misst een esouguer iwwer e Generalstreik nodenken.


Protestmanif géint d'Reform vun den Familljenzoulagen! (07.09.2010)
Den 16 Mee manifestéieren 5 Gewerkschaften géint d'ofschafen vum Kannergeld,


A wou bleift d'CGFP an deem Ganzen?

Mir hunn bei der Staatsbeamtegewerkschaft nogefrot, wou awer déi Responsabel nach an der Vakanz sinn.

D'Gewerkschaft wëll sech op kee Fall vun deenen anere Syndikater desolidariséieren; si bedauert awer, datt an dësem Fall just een eenzege Punkt aus enger Panoplie vu Spuermoossnamen erausgepickt gëtt, dee souwisou schon am Parlament ugeholl gouf.

D'Decisioun vum Kannergeld géing gréisstendeels d'Frontaliere betreffen.

Aner Moossnamen, déi nach um Instanzewee sinn, wéi d'Krisesteier oder och de bëllegen Akt vun engem Haus géingen der ganzer Populatioun wéi am Portemonni doen.