Lokales: Fahrerflucht wéint Police-Kontroll, a Bus gerannt

RTL - 07.09.2010, 16:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2010, 16:26

Lokales: Um 12.23 Auer ass an der Stad eng Automobilistin virun der Police fortgefuer a kuerz drop an der Hollerecher Strooss an ee Bus gerannt.

Déi 2 Fraen, déi an dem Auto souzen , sinn no der Kollisioun mam Bus ze Fouss a Richtung Rue Baudoin fortgelaf. Eng aner Police-Patrouille huet si awer konnten erëm kréien.

De Chauffer vum Bus gouf beim Accident liicht verwonnt. Eng schwanger Fra koum an d'Spidol fir eng Kontroll.

Et gëtt elo ënnersicht, firwat d'Frae virun der Police fortgerannt sinn. Dobäi hate si schonn ee Polizist ugestouss.