OECD-Etude: Lëtzebuerg mam deierste Bildungssystem
RTL - 07.09.2010, 18:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2010, 18:33 | 35 Commentaire(n)
OECD-Etude: Lëtzebuerg huet nach ëmmer den deiersten Bildungssystem. Déi schoulesch Ausbildung entsprécht der OECD-Moyenne.

D'OECD huet d'Etude „Education at a Glance“, d'Educatioun op ee Bléck 2010, publizéiert. De Lëtzebuerger Bildungssystem gëtt hei mat anere Länner verglach: en ass nach ëmmer deen deiersten an déi schoulesch Ausbildung vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, entsprécht ongeféier der OECD-Moyenne.
40% vun de Leit zu Lëtzebuerg hunn en Diplom am Secondaire; D'OECD-Moyenne läit bei 44%. Een Drëttel huet eng schoulesch Ausbildung, déi net iwwert den 2. Cycle am Secondaire eraus geet an 28% hunn en Unis-Diplom.
Dës Chifferen soen awer näischt direkt iwwert d'Ausbildung hei am Land aus, präziséiert den Edukatiounsministère an engem Communiqué, well vill vun de Residente hir Etuden net am Grand-Duché gemaach hunn.
Réng Lëtzebuerg gekuckt, hunn 2008/2009 73% en Diplom vum zweete Cycle am Secondaire gemaach, d'Moyenne sinn 80%, d'Majoritéit dovunner si Fraen.
Käschte vum Schoulsystem
Hei zu Lëtzebuerg kascht ee Schüler am Primär pro Joer ëmgerechent 11.000 Euro, den Duerchschnëtt si 5.300 Euro. Am Postprimär kascht e Lëtzebuerger Schüler 14.100 Euro. Dat si, wéi schonns gesot, déi héchste Käschten. Wann een dat awer a Relatioun mam PIB setzt, läit de Grand-Duché ënnert der OECD-Moyenne. All Schüler kascht zu Lëtzebuerg, soulaang en an der Schoul ass, bal 165.000 Euro, huet d'OECD ausgerechent.
D'Schoulstonnen, do läit eist Land wäit iwwert dem Duerchschnëtt. A kengem Land gëtt och méi Zäit fir d'Sproochen investéiert. D'Zuel vun de Schüler pro Klass ass mat 15,7 am niddregsten an allen OECD-Länner an d'Paie vun den Enseignanten, déi sinn, wéi schonn a virechten Etuden, ganz héich. 78.670 Euro fir e Proff mat 15 Joer Beruffserfahrung, schreift d'OECD.


Äre Commentaire