Amitié Luxembourg-Portugal: Portugiese si gutt integréiert

RTL - 08.09.2010, 16:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 17:30

Integratioun: Och wann et ëmmer nach Problemer ginn, sou wäre vill Portugiese mëttlerweil gutt zu Lëtzebuerg integréiert, sou d'Amitié Luxembourg-Portugal.

Haut sinn d'Portugiese mat bal 80.000 Leit déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg: méi ewéi en Drëttel vun den Auslänner hei am Land sinn Portugiesen.

Ma wéi sinn gutt oder schlecht sinn d'Portugiseen eigentlech zu Lëtzebuerg integréiert?

Och wann et natierlech ëmmer nach Chantiere ginn, sou wäre vill Portugiese mëttlerweil gutt zu Lëtzebuerg integréiert - mengt op d'mannst den Guy Reger, President vun "Amitié Luxembourg-Portugal".

Déi eeler Generatioun huet et bei der Integratioun awer méi schwéier ewéi déi Jonk.

Am Schoulsystem sinn d'Portugiesen awer net esou gutt integréiert ewéi d'Lëtzebuerger, ënnersträicht den Guy Reger, President vun "Amitié Luxembourg-Portugal".

Och vum Chômage, sinn d'Portugiese méi betraff ewéi d'Lëtzebuerger.

De CEPS/INSTEAD huet iwwregens vrun e puer Joer eng Etude iwwert d'Portugiesen zu Lëtzebuerg gemaach: De schouleschen Niveau vun de "Primoarrivanten" huet sech kaum verbessert – ma hir Kanner a Kandskanner kréie sech schoulesch a berufflech mat der Zäit awer ëmmer besser integréiert.