Kannergeld: Areler Asbl wëll neit Gesetz erëm ofschafen
RTL - 08.09.2010, 16:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 17:26
Eng Areler Asbl wëll dat neit Lëtzebuerger Kannergeld-Gesetz erëm ofschafen. Fir d'éischt gëtt elo juristesch bei der EU-Kommissioun intervenéiert.

Fir Studenten iwwer 18 Joer gëtt et jo vum éischten Oktober u kee Kannergeld méi, wann d’ Elteren als Frontalieren am Ausland wunnen. Dowéinst ass dëser Deeg zu Arel eng Asbl gegrënnt ginn.
D'Liberté de circulation an Europa an d’Obligatioun, ee Salarié wéi deen anere behandelen ze mussen, bréngen et mat sech, soen d’ Affekoten vun der Asbl, datt ee keen Ënnerscheed maachen därf tëscht Allocation familiales a Studienhellefen. Dat awer mécht , seet de Maìtre Wauthoz, d’Lëtzebuerger Regierung.
Och de juristesch Wee, deen d’Asbl elo geet, schéngt einfach ze sinn: et gëtt emol fir d'éischt zu Bréissel bei der Kommissioun intervenéiert. An zweetens gëtt beim Tribunal administratif hei am Land Plainte gemaach.
D’Lëtzebuerger Geriicht informéiert sech beim europäesche Geriichtshaff an hält sech duerno un deem seng Juridictioun; do ass iwwregens och e Référés-Urteel méiglech. Et kéint also séier goen an d’Leit vun der Asbl sinn iwwerzeegt, datt se Recht kréien.

