Tunnel Houwald: Keen Trafic vu Freidegowend bis Méindegmoien

RTL - 09.09.2010, 07:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2010, 09:10 | 16 Commentaire(n)

Den Tunnel Houwald ass vun e Freidegowend bis e Méinden de Moie ganz fir den Trafic zou: Déi 2. Phas vum grousse Chantier am Tunnel fänkt näämlech un.

D'Autobunn ass da vum Gasperecher Kräiz bis bei de Rond-Point Irrgäertchen gespaart an dat a béiden Direktiounen. Déi 2. Phas vum grousse Chantier am Tunnel fänkt nämlech un an d'Aarbechten am éischten Tube si fäerdeg.

45% vun den Aarbechten si gepackt. Eng Säit ass renovéiert an erneiert, elo kënnt déi 2. un d'Rei. De Weekend gëtt de Switch gemaach an deen Ament muss den Tunnel ganz zou gemaach ginn, erkläert de Paul Mangen vu Ponts et Chaussées. Dat dauert eng 2, 3 Stonnen. Et kann och sinn, dat verschidde Bretellen fir den Accés op d'Autobunn méi fréi zou sinn.

Vun e Freideg 20 Auer un ass den Tunnel Houwald also gespaart an dat bis e Méinden de Moie 6 Auer.

Den Trafic leeft vun e Méinden un also duerch den aneren Tube an Direktioun Tréier. Um Prinzip, datt de ganze Verkéier, duerch ee Rouer muss an et just eng Spuer an all Richtung gëtt, ännert sech näischt. Den Trafic ass déi lescht 2 Méint gutt gelaf. Elo mussen d'Leit sech just dru winnen, datt déi Verschwenkungen emgedréint sinn.

4 Méint e grousse Chantier am Tunnel Houwald...do war vill Chaos gefaart ginn. Déi grouss Problemer gouf et awer bis ewell net an den Ament klappt et nach mam Timing. De Chantier soll ugangs November fäerdeg sinn.

D'Aarbechten am 1. Rouer sinn op allefall pënktlech fäerdeg. De Weekend gëtt vum zouenen Tunnel profitéiert fir 15 verschidden Aarbechten ze maachen. Ënnert anerem ginn d'Leitplanken nei gesat, Marquage-Aarbechte gemaach, Containere geréckelt an d'Autobunn gebotzt.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!