De "Spautze Jang" kritt en Donneschdeg 80 Joer

RTL - 09.09.2010, 07:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.09.2010, 18:13 | 10 Commentaire(n)

De Gewerkschaftler, Gemengepolitiker, Deputéierten, CSV-Parteipresident, Minister, Chamberpresident, Europadeputéierten Jean Spautz kritt 80 Joer.

E joviale Mënsch, no beim Vollek, deen derfir bekannt ass vun der Long op d'Zong ze schwätzen.

Als Schmelzaarbechter, féiert dem Spautze Jang, wéi déi Eeler en nennen, säi Wee an d'Gewerkschaftsliewen. Vun 1967 bis 1980 leet de Jean Spautz als President d'Geschécker vum LCGB. 

1959 scho gëtt de Jean Spautz als jéngsten Deputéierten deemools eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Datt den obligatoreschen Militärdéngscht zu Lëtzebuerg ofgeschaf gëtt, geet op seng Initiative zréck. 10 mol trëtt hien am ganze bei de Wahlen un a gëtt ëmmer gewielt.


De Staatsminister ass vu sengem politesche Papp, wéi de Jean-Claude Juncker de Jean Spautz nennt, déif beandrockt. Säi franc parler huet de Justizminister Francois Biltgen schonn als Lycéesschüler begeeschtert.

2004 geet den CSV-Politiker net méi bei de Chamberwahlen mat an zejoert zitt hie sech no 5 Joer zu Stroossbuerg am Europaparlament ganz aus dem aktive politesche Liewen zréck.

Mir wënschen dem Jean Spautz op sengem Éierendag alles Gudds an nach vill schéi Joren an der wuel verdéngter Pensioun.

 

 

Är Gratulatiounen


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!