Weltwirtschaftsforum: Lëtzebuerg trëppelt op der Plaz
RTL - 09.09.2010, 07:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2010, 12:21 | 13 Commentaire(n)
Lëtzebuerg trëppelt op der Plaz, wat d'Kompétivitéit betrëfft. Dat geet aus engem neie Rapport vum Weltwirtschaftsforum ervir.

Am internationale Verglach verbessert Lëtzebuerg sech ëm 1 Plaz, a läit elo op der 20ter Plaz. Dat ënnert den 139 Länner, déi ënnert d'Lupp geholl goufen.
Un der Spëtzt steet d'Schwäiz, mä och eis dräi Nopeschlänner gi méi kompetitiv ageschat, ewéi de Grand-Duché.
Par Rapport zu séngen Haapt-Partenairen, wat den Echange vu Gidder a Servicer ugeet, dat sinn d'Schwäiz an Groussbritannien, steet de Grand- Duché awer däitlech méi schlecht do.
Och d'Länner an der Groussregioun schneide besser of. Däitschland ass op Plaz 7, Frankräich op der 15., an d'Belsch op der 19 Plaz.
D'USA leien op Plaz 4.
D'Analyse vum Weltwirtschaftsforum gëtt op der Basis vu statisteschen Donneeën an der Meenung vu wirtschaftlechen Decideuren a Cheffe vun Entreprise gemaach.
An der Analyse vum Weltwirtschaftsforum ginn esouwuel statistesch Donneeën, wéi awer och d'Meenung vun den Decideuren an der Wirtschaft mat abezunn.


Äre Commentaire