Lokales: Foussgängerin zu Déifferdeng ugestouss
RTL - 09.09.2010, 07:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2010, 11:51
Lokales: Um Mëttwochowend gouf zu Déifferdeng eng Foussgängerin vun engem Auto ugestouss. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv.

Schroen Accident e Mëttwochowend um 23 Auer zu Déifferdéng bei der Kierch. Een Auto huet eng Fra ugestouss, déi iwwert den Zebrasträife goe wollt.
Si gouf schwéier blesséiert. Den Alkoholstest beim Chauffeur war positiv.
Zu Diddeleng huet een alkoholiséierte Chauffeur, deen der Police opgefall war, probéiert, sech dovun ze maachen. D'Police huet d'Poursuite opgeholl an de Chauffeur gestoppt. Hien krut de Führerschein ofgehol an et huet sech erausgestallt, dat deen net méi valabel war.
Accident no 01 Auer an der Clairfontaines-Strooss zu Dikrech an Direktioun Gilsdrëf. Ee Motorradsfuerer huet d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass ëmgefall. Hie gouf liicht blesséiert.
D'Police sicht no Zeien an engem Accident, deen e Mëttwoch am Ronds Point zu Angelduerf geschitt ass. Um 07h45 huet ee schwaarze BMW engem Vëlosmotosfuerer de Wee ofgeschnidden, deen ass gefall a gouf liicht blesséiert. De Chauffeur vum Auto ass einfach virugefuer – Renseignementer si fir den 113.

