Lokales: Feier an engem Appartementshaus zu Märel

RTL - 09.09.2010, 07:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2010, 07:43

Géint 17h30 e Mëttwochowend huet et zu Märel an engem Appartementshaus gebrannt. D'Feier war bei Renovatiounsaarbechten entstanen.

Et konnt awer relativ séier geläscht ginn.

Et gouf eng grouss Dampentwécklung. De Materialschued hält sech awer a Grenzen an et ass kengem Mënsch eppes geschitt.