1 liewensgeféierlech Blesséierte bei Accident op der N11
RTL - 09.09.2010, 08:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2010, 09:16
Op der Iechternacher Streck an Direktioun Stad gouf et um Donneschdegmoien e schroe Verkéiersaccident. 1 Persoun gouf liewensgeféierlech verwonnt.

Op Héicht vu Gonnereng ware géint 6 Auer zwee frontal Gefierer anenee geknuppt.
En Automobilist hat do en Camion iwwerholl, wou et u sech verbueden ass. Eng Fra déi entgéint koum, konnt net méi auswäichen.
Dee schëllege Chauffeur gouf liewensgeféierlech blesséiert. D'Fra am aneren Auto koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.
D'Strooss hat um Donneschdegmoien och missten gespaart ginn, déi ass zanter 7h54 awer nees fir de Verkéier op.

