Police sicht no Zeien wéinst verdächtegem Lach am Eechebësch
RTL - 22.09.2010, 14:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.09.2010, 15:42
An der Géigend vu Gilsdref, am Eechebësch, hunn Onbekannter e Lach an de Buedem gebuddelt. Et huet verdächteg Aussmoossen an d'Police sicht lo no Zeien.

Dass Leit e Lach an de Buedem gebuddelt hunn, ass nach näischt esou aussergewéinleches, mä op de Fotoe gesäit dat hei Lach dach komesch aus.
Et ass rechteckeg an ongeféier zwee Meter laang, knapp ee Meter breet an en hallwe Meter déif.

Déi ganz Geschicht muss kee Kriminellen Hannergrond hunn heescht et vun der Police, si wier awer frou, wann deen deen d'Lach geschëppt huet, oder soss Leit déi eppes driwwer wëssen, sech um 113 géif mellen.
