Affär Luca: APEG/APEL besuergt ëm Fro vun der Verantwortung

RTL - 19.11.2010, 11:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.11.2010, 09:30

Affär Luca: Nom Landesverband an d'FGFC, d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal, soen sech och elo d'APEG an d'APEL extrem besuergt ëm d'Sécherheetsmesuren.

D'Onglécksplaz an der Maison Relais.
An der Affaire Luca, muss onbedéngt gekläert ginn, wat do alles genee geschitt ass, an wéi wäit d'Sécherheetsmesuren agehal gi sinn, schreiwen de Berufsverband vun de Sozialpedagogen an déi professionell Educateurenassociatioun e Samschdeg an engem Communiqué.

An dat wier vill méi einfach gewiescht, wann d'Rolle vun de verschiddenen Acteuren an de Maisons Relais per Gesetz definéiert wieren, seet de Marc Pletsch, President vum Berufsverband vun de Sozialpedagogen.

 AUDIO: Extrait Marc Pletsch (1) »



Et kann net sinn, datt just eng Säit an där Affaire ugeklot gëtt, déi politesch an administrativ Responsabilitéit muss an deem Fall och zum Droe kommen.

 AUDIO: Extrait Marc Pletsch (2) »



D'APEG an d'APEL bedaueren, datt d'Educateure permanent mat der Angscht liewe mussen, datt engem Kand eppes kéint geschéien, well d'Sécherheetsmesuren an de Crèchen an de Maisons Relais vum Ministère an de Gemengen net serieux genuch gehandhaabt ginn. Et muss nach vill am Beräich Sécherheet gemaach ginn.

 AUDIO: Extrait Marc Pletsch (3) »



D'Associatioune wënschen sech grondsätzlech ee richtegt Gesetz fir d'Maisons Relais amplaz vun engem Règlement Grand-Ducal, an deem hirer Meenung no extrem vill Detailer iwwer Sécherheet an Opdeelung vu Responsabilitéit feelen.


Gewerkschaft vum Gemengepersonal

Wéinst den drasteschen Strofen am Fall Maison relais zu Steesel géint de Sécherheetsdelegéierten an déi responsabel Educateuren wier d'Veronsécherung op Grond vun der moralescher an der existentieller Belaaschtung op der Säit vum Gemengepersonal ganz grouss, sou d'FGFC an engem Communiqué.
 
No deem Uertel géife sech eng Partie Froen iwwert den Emgang mat der Sécherheet an de Gemenge an iwwert d'Responsabilitéite stellen.

Eng honnertprozentesch Sécherheet wier eng Illusioun an, an de Gemengen missten zesumme mat alle Responsablen nei Prozeduren ausgeschafft ginn, fir esou Accidenter z'evitéieren. Der Tendenz, Responsabilitéite vun uewen no ënne weiderzeginn, nom Motto „die letzten beissen die Hunde“, géif een op alle Fall entgéintwierken, sou d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal.

Landesverband
 
Och de Landesverband ass der Meenung, dat et bësser wier ze klären, wéi een esou Accidenter verhënnere kann, amplaz krampfhaft no Schëllegen ze sichen.
 
D'Gesetzgebung miss geännert ginn, sou de Landesverband, deen elo dowéinst beim Innenminister
wëll intervenéieren.