Mënscherechtskommissioun kritiséiert Lëtzebuerger Regierung
RTL - 08.12.2010, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.12.2010, 12:31
D'Mënscherechtskommissioun beschäftegt sech den Ament mat der Mobilitéit vu Behënnerten a fënnt datt bei der Lëtzebuerger Regierung Nohuelbedarf besteet.

Dee consultative Gremium gëtt et schon 10 Joer laang an an där Zäit huet se 34 Avisen zu Gesetzprojeten ausgeschafft op déi d'Politiker allerdéngs net ëmmer géife reagéieren.
Als Beispill hunn déi Responsabel déi Mannerjäreg am Prisong zu Schraasseg genannt. D'Kommissioun huet schon e puer mol dogéint protestéiert, datt Jonker ënner 18 Joer do agespaart ginn an awer géifen den Ament eng 10 bis 15 Mannerjähreger am Prisong setzen.
Donieft beschäftegt sech d'Kommissioun fir d'Mënscherechter an de nächste Méint mat der Mobilitéit vu Behënnerten.
An deem Kontext huet si déi franséisch Regierung gelueft, déi bis 2014 all hier ëffentlech Gebaier fir Leit am Rollstull zougänglech maache well. D'Kommissioun fënnt, datt eis Regierung sech e Beispill doru kéint huelen.
Anere grousse Sujet ass d'Situatioun an den Alters- a Pflegeheemer. D'Kommissioun schafft den Ament un enger grouss Etude. Et ass virgesinn, datt déi an engem Joer fäerdeg ass.
