10.000 Belsch komme net méi un hir Suen zu Lëtzebuerg
RTL - 12.10.2008, 15:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.10.2008, 15:21
De belsche Premier huet ee Bréif un d'lëtzebuerger Regierung geschéckt, fir präzis Informatiounen iwwert d’Situatioun vun der Kaupthing Bank ze kréien.

De Leterme, deen de Sujet och haut um Krisesommet zu Paräis mam Jean-Claude Juncker uschneide wëll, schreiwt weider: „Ech erlaabe mir och z’insistéieren, datt déi lëtzebuerger Regierung alles mécht fir datt déi sëlleche Clienten vun däer Bank, dorënner och déi Belsch, hir Sue rëmkréien.

