«<  1 / 2 / 3 / 4 > »
31. Januar 1893: D'Marque Coca Cola kritt 119 Joer

RTL - 31.01.2012, 12:02

Eréischt 5 Joer nom Dout vum Erfinder, dem Aptikter Pemberton, huet säin Nofollger den Numm Coca-Cola als Mark ugemellt. Déi éischt Variant vu Coca Cola déi de Pemberton entwéckelt huet, war eigentlech eng Medezin géint Middegkeet, Kappwéi, Dépressiounen an Impotenz. Mä well se sou lecker


28. Januar 1873: Béierbrau-Rezept vum Louis Pasteur

RTL - 28.01.2012, 08:00

Haut huet e Patent vum Louis Pasteur Gebuertsdag, an zwar kritt et 139 Joer. Et ass awer net d’Entwécklung vun engem Impfstoff géint Tollwut an et huet och näischt mat pasteuriséieren ze dinn !De Louis Pasteur huet dee gréissten Deel vu sengem Liewen domat verbruecht fir de Gärungsprozess ...


20. Januar 1857: Den Héichuewe feiert Gebuertsdag

RTL - 20.01.2012, 11:52

De Prinzip vum Héichuewe wéi mir en haut kennen, an zu Esch-Belval nach stoen hunn, ass zweemol erfonnt ginn: eng Kéier 1851 vum Amerikaner William Kelly, an eng Kéier 1856, also 5 Joer méi spéit, vum Englänner Henry Bessemer. Wéi de Kelly, seng Erfindung geheim gehal hat, vum Bessemer ...


2. Januar 1920: Gebuertsdag vum Isaac Asimov

RTL - 02.01.2012, 07:51

Den Isaac Asimov giff um Méinde säin 92. Gebuertsdag feieren! Fir déi deenen den Numm näischt seet: et ass ee vun de gréisste Science Fiction Schrëftsteller. En ass haaptsächlech fir säi Roman “I, Robot” bekannt, deen 2004 mam Will Smith verfilmt ginn ass. Mä wat déi mannste ...


22. Dezember 1882: Den éischte beliichte Chrëschtbeemchen

RTL - 22.12.2011, 09:00

An do wonnert et keen, dass den Thomas Edison, den Erfinder vun der elektrescher Bier, seng Fanger am Spill hat! Nëmmen 3 Joer no dëser Erfindung huet hien zesumme mat sengem Business Partner, dem Edward Johnson, eng praktesch Uwennung demonstréiert: déi éischt Liichterketten fir de ...


15. Dezember 1832: Gebuertsdag vum Gustave Eiffel

RTL - 15.12.2011, 09:00

D’Weltausstellungen aus dem 19te Jorhonnert waren e Symbol vun der industrieller Revolutioun. D’Hirstellung vun Eisen a Stol war e groussen Deel vun dëser Revolutioun, sou verwonnert et een och net dass den Eiffel Tuerm als riseg Eisekonstruktioun e Symbol fir de Fortschrëtt war . De Gustave ...


10. Dezember 1896: Doud vum Alfred Nobel

RTL - 10.12.2011, 09:00

D’Erfindung vum Dynamit, engem Sprengstoff dee méi sécher ze handhaben ass wéi munch aneren, ass nëmmen den Ufank vum Nobel senger Legend. Als geniale Geschäftsmann huet e ronn 80 Fabrike rondrëm seng 355 Patenter opgebaut an ass domat fuerchtbar räich ginn. Mä wéi eng franséisch ...


2. Dezember 1906: Gebuertsdag vum Peter Carl Goldmark

RTL - 02.12.2011, 09:00

Seng Erfindunge sinn och haut nach e Begrëff fir déi meescht vun eis: Audio-Kassetten, Fotokopiesmaschinn, Videorecorder an – at last but not least –d’ faarweg Tëlee. Vu senge 77 Patenter ass d’ faarweg Tëlee wuel déi déi eis am meeschte geprägt huet! 1940 huet en dem Public an der ...


24. November 1953: Den Tod Machover huet Gebuertsdag

RTL - 28.10.2011, 08:43

Den Tod Machoverass den Erfinder vum "Guitar Hero", mä dee mécht och soss nach zimlech verréckt Saachen. ..Als Jong vun enger Musekerin an engem Computer-Grafiker läit et vläicht op der Hand fir Museksinstrumenter mat Technologie auszerüsten! Ziel ass et fir engem Instrument nach méi ...


14. November 1863: Gebuertsdag vum Leo Baekeland

RTL - 28.10.2011, 08:39

Och wann net vill Leit hie mam Numm kennen, sou ass seng Erfindung ganz bekannt. Den Anhydrure de polyoxybenzylméthylèneglycol, besser bekannt als “Bakelitt”. D’Chemiker haten Ufank dës 20. Jorhonnert erausfonnt, dass déi meescht natierlech Materialien wéi Holz z. B. aus Polymeren ...


7. November 1867: Gebuertsdag vum Marie Curie

RTL - 28.10.2011, 08:31

D'Marie Curie war eng impressionant Fra. Si war déi éischt Fra, déi en Nobelpräis gewonnen huet an dat direkt 2 mol. Si war Unisprofesser a war niewebäi och déi éischt Fra, déi en Doktertitel hat. Et war a villen Hisiichten déi éischt Fra! Um 7. November ass hiren 144. Gebuertsdag, mä ...


24. Oktober 1836: D'Patent vum Fixspoun gëtt ugemellt.

RTL - 17.10.2011, 11:34

Vill Leit denken, datt de Fixspoun eréischt nom Briquet erfonnt ginn ass, well deen dacks méi almoudesch schéngt. Dat ass och net ganz richteg esou. De Briquet ass virun 188 Joer erfonnt ginn, do si mer eis eens. Mä beim Fixspoun ass d’Saach méi komplizéiert ! Dee Fixspoun wéi mir en haut


22. Oktober 1940: Patentéierung vum Cortisone

RTL - 11.10.2011, 15:07

De Chemiker Percy Julian léist virun 71 Joer seng Methode fir Cortisone hierzestelle patentéieren. Cortisone ass en Hormon dat als Anti-Inflammatoire géint Arthrose an aner heefeg Entzündunge ka benotzt ginn. Mee virum Julian senger Entdeckung huet d’Hormon missen opwenneg aus Oxegaal ...


12. Oktober 1999: 6 Milliarde Mënsche wunnen op der Äerd

RTL - 10.10.2011, 10:10

Virun 12 Joer huet d’Weltbevëlkerung hir 6 Milliarden erreecht. Am Moment si mer zu 6, 989 Milliarden an e puer Gekniwwelter. D’Experte soe viraus, dass mer Enn Oktober d’ 7 Milliarden erreechen. 1 Milliard nei Leit an 12 Joer… eis Weltbevëlkerung wiisst ëmmer méi séier. Si wiisst nach


6. Oktober 2007: Déi ëmweltfrëndlechst Weltrees

RTL - 03.10.2011, 11:03

Meeschtens maaache Leit eng Weltrees fir ze beweise wéi gutt oder ëmweltfrëndlech eng nei Technologie ass. Den Jason Lewis huet fir seng Rees awer just seng eege Muskelkraaft als Energie agesat, an ech mengen dat ka kee méi vun der ëmweltfrëndlechkeet toppen. En hat dräi an en halleft Joer ...


2. Oktober 1997: BSE ass op de Mënsch iwwerdrobar

RTL - 26.09.2011, 11:43

De BSE-Skandal mat de geckege Kéi aus den 90er Joren ass villen am Gediechtnes bliwwen. D’Angscht virun Ustiechung war grouss, präventiv ass kee Gehier oder Schankemuerch méi giess ginn. Virun 14 Joer hun se erausfonnt dass déi Krankheet effektiv op de Mënsch iwwerdrobar ass. Beim Mënsch ...


19. September 2008: Spuere vu Melamine an der Mëllech fonnt!

RTL - 19.09.2011, 09:48

Dass Melamine a China bei d’Puddermëllech fir Puppelcher gemaach ginn ass, ass zënter e puer Méint gewosst. Eng Rei Kanner si schonn un de Folge gestuerwen an e risege Skandal ausgeléist. Mä dass dës chemesch Substanz 2008 och an der normaler Mëllech fonnt ginn ass, gëtt dem Problem eng ...


12. September 1940: D’Grott vu Lascaux gëtt entdeckt

RTL - 12.09.2011, 08:53

D’Grott vu Lascaux: Bal jiddereen huet schonn dovun héieren, mee ween huet se tatsächlech scho gesinn ? Nodeems d’Grott mat de prähistoreschen Zeechnunge virun 71 Joer duerch Zoufall fonnt ginn ass, waren d’Leit net méi ze bremsen: Zu Dausende si se all Dag opgetaucht fir sech déi ...

«<  1 / 2 / 3 / 4 > »