14. Februar 2011: Kuss-Patent gouf net ugeholl

RTL - 09.02.2012, 11:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2012, 11:11

2010 sollt de Kuss patentéiert ginn ! Obwuel et eng witzeg Iddi war, ass näischt doraus ginn! Oder kéint dir iech virstelle fir all Kuss ze bezuelen?

Et war e kanadesche Bicherverlaag deen aus Jux e Patent fir de perfekte romantesche Kuss ugefrot hat! Et ass zwar keng technesch oder wëssenschaftlech Erfindung, mä de Verlag wollt säi Kuss als « Prozess » patentéiere loossen. Dat ass duerchaus gängeg fir zum Beispill en neien oder verbesserten industrielle Prozess patentéieren ze loossen.

D’Antrophologen, also d’Wëssenschaftler déi sech mam Behuelen a mam Liewe vu Mënsche befaassen, waren awer domat net averstan. Et ass hinnen zwar ëmmer nach e Rätsel firwat mer eis esou gär kussen, mä si huelen awer un, datt et an eiser Natur läit. An en Naturgesetz kann een nun emol net patentéieren! An “nei” ass d’Erfindung vum Kuss jo och net!