10. Abrëll 1849: Erfindung vun der Versécherungsspéngel

RTL - 02.04.2012, 11:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.04.2012, 11:31

Mat den Erfinder ass et dack wéi mat de Kënschtler : se si kreativ, hunn eng genial Iddi a stierwen aarm an onbekannt. Dem Walter Hunt ass et d’selwecht gaang, obwuel seng Erfindung, déi haut 163 Joer kritt, wuel ee vun de bekanntesten a meescht benotzte Géigestänn ass: d’Versécherungsspéngel!

De Walter Hunt war e Genie, en Erfinder deen et mam Daniel Düsentrieb hätt kéinten ophuelen. Schonn a senger Jugend huet e Maschinnen erfonnt an entwéckelt. Mee e konnt net mat Suen ëmgoen! Bei där éischter Geleeënheet huet en all seng Patenter verkaf an de Cash zimlech séier zu der Fënster erausgehäit.

Wéi en enges Daags alt erëm Scholden hat, huet en décidéiert eppes ze erfanne fir séier e puer Su erbäi ze kréien. Dat éischt wat em an de Kapp komm ass war d’Versécherungsspéngel. Bannen 3 Stonnen hat en seng Iddi verkaf, hien hat e puer Su an der Täsch an de Keefer huet e Verméige mat der Hirstellung an dem Verkaf vu Sécherheetsspéngele gemaach !