5. Mee 1810: Déi éischt Fra kritt e Patent

RTL - 18.04.2012, 10:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.04.2012, 14:06

Um Freide ginn et vill Käerzen auszeblosen! Mä d’Mary Kies ass net eleng, mat him féieren dëst Joer op mannst 18% vun allen Erfinder, näämlech d’ErfinderINNEN!

Virun 203 Joer, also 1809, huet d’Mary Kies als alleréischt Fra e Patent kritt, 19 Joer no der Erfindung vum Patentamt. Deemools war dat zimlech revolutionär, well d’Fraen an Amerika hu keen eegene Besëtz onofhängeg vun hirem Mann dierfen hunn. All Erfindung vun enger Fra huet also misse vun hirem Mann patentéiert ginn. Nodeems d’Mary Kies mam gudde Beispill vir gaang ass, hun sech lues a lues Fraen duerchgesat fir hir Erfindunge selwer ze patentéieren. Trotzdem ass et an deenen 30 Joer duerno just 20 Frae gelongen. An der Tëschenzäit sinn et der e puer méi : 2010 goufen 18% vun den neie Patenter u Frae verginn, an et ginn der ëmmer méi !