Emissioun vum 15. Juni: Vulkaniséierung
RTL - 15.06.2012, 00:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.08.2012, 13:12
De Vulkaniséierungsprozess feiert 168 Joer!

De Vulkaniséierungsprozess erméiglecht et, natierleche Gummi a méi resistente Gummi ze verwandelen. Dëse Gummi ass méi temperaturbestänneg, méi zolidd, méi dehnbar, méi elastesch a méi witterungsfest. All déi verschidden Uwennungen a Veraarbechtunge vu Gummi wéi zum Beispill Schungsuelen, Mondstécker vun Instrumenter, Pneuen oder Bowling Kugelen, sinn also dësem Prozess ze verdanken.
De Vulkaniséierungsprozess ass vum Charles Goodyear erfonnt ginn. D’Firma Goodyear ass awer net vun him selwer oder senger Famill gegrënnt ginn, mä eréischt 40 Joer no sengem Doud vun engem amerikaneschen Erfinder a Geschäftsmann. Ouni de Vulkaniséierungsprozess kéint Gummi net zu Pneue veraarbecht ginn, dofir ass d’Firma him zu Éieren esou genannt ginn.

Quellen:
Fotoen (vum Gaetanlee) : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/4a/Rubber_duckies.jpg
Goodyear history : http://www.goodyear.com/corporate/history/history_overview.html
The Charles Goodyear story : http://www.goodyear.com/corporate/history/history_story.html
Hall of fame : http://www.invent.org/hall_of_fame/68.html
Patent : http://www.google.com/patents?id=PQ1CAAAAEBAJ&printsec=abstract&zoom=4#v=onepage&q&f=false


