Emissioun vum 29. Juni: Gebuertsdag vum George W. Goethals

RTL - 29.06.2012, 09:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.08.2012, 13:12

Den George Washington Goethals giff 154 Käerzen ausblosen. Mee säi Liewenswierk ass haut, no 98 Joer, nach esou aktuell wéi eh und jee : de Panama Kanal.

© WikipediaAuteur: Corinne Kroemmer

Während iwwer 30 Joer hu se sech d’Auer gebrach fir dee Kanal ze bauen ! Mä si haten den Urwald an d’tropescht Klima ënnerschat. De Bulli ass méi séier an de Kanal geschwëmmt gi wéi si e lass gi sinn, an d’Malaria an d’gielt Féiwer hu méi wéi engem d’Liewe kascht!

An d’Technik war och nach net déi vun haut! Wiesselstroum a motoriséiert Maschinne stouchen nach an de Kannerschung! An de Waasserdampbagger huet de Buedem méi séier erausgeschëppt wéi d’Aarbechter e Meeschter gi sinn. De Chantier war also e grousse Chaos - bis den Ingénieur Goerge Washington Goethals d’Saach iwwerholl huet! Hien huet de Chantier emstrukturéiert an d’Saach bannen 8 Joer un en Enn bruecht. Haut zielt de Panama Kanal zu engem vun den 8 moderne Weltwonner!