Flunkernews 22/10: Barragematcher, Resolutioun an Doping
RTL - 04.06.2010, 23:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.06.2010, 09:29 | 2 Commentaire(n)

Resolutioun géint Israel an Enthalung vun der ADR: 2009 hat d’ADR vill Stëmme krut hei vir am Osten, besonnesch zu Manternach. Well d’Partei do gutt ukënnt, wollt si keng Resolutioun géint den Noen Osten stëmmen.
Eurovisioun: Vill Leit an Däitschland suivéieren dee Concours scho zanter Joerzéngte net méi. Si sinn awer frou dat d'Nena gewonnen huet mam Lidd "99 Satelliten".
Moto a Vëlo: Et gëtt gesot, datt de Fabian Cancellera e mini Moto op sengem Coursevëlo soll gehat hunn. Elo gëtt och vum Motostar Valentino Rossi gesot, hien hätt kleng Pedallen op senger Grand-Prix-Maschinn gehat an hätt heiansdo diskret pedaléiert.
Doping Problematik: De Cyclist Alejandro Valverde ass wéinst Doping fir 2 Joer gespaart ginn. Et ass dat di bescht Preparatioun fir den Giro ze wannen. Den Ivan Basso, Vainqueur vun 2010, gouf jo och am Joer 2007 fir zwou Saisonen gespaart.
|
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

Äre Commentaire