Omega 90: Mat Trauer ëmgoen op Chrëschtdag

RTL - 28.12.2011, 07:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.12.2011, 17:21

Et fält op, esou den Henri Grün vun Omega 90, datt d'Leit ganz besonnesch fir d'Chrëschtdeeg méi traureg sinn. Déi Leit kréien Hëllef proposéiert.

Chrëschtdag ass ee Fest, dat déi allermeeschte Leit an, a mat der Famill feieren. Mä wéi geet ee mat där ganzer Freed ëm, wann et engem selwer guer net fir ze laachen ass, well een ee Mënsch verluer huet, deen engem wichteg war. A wéi kann een sech hëllefe loossen, fir esou gutt et geet duerch déi schwéier Zäit ze kommen. Et fält op, esou den Henri Grün vun Omega 90, datt d'Leit ganz besonnesch fir d'Chrëschtdeeg méi traureg sinn.

D'Leit mussen sech op alle Fall bewosst sinn, wat se iwwerhaapt op deenen Deeg maache wëllen a wien se wierklech wëlle gesinn. Omega 90 probéiert, deene Leit esou gutt et geet, an hirem Leed bäi ze stoen. Gespréicher gi fir Erwuessener, fir Jugendlecher a fir Kanner proposéiert.

Fir esou Gespréicher oder eng einfach Consultatioun bei engem Therapeut, soll ee bei Omega 90 op d'Nummer 29 77 89 1 uruffen.