NORDSTROOSS - Déi wichtegst Fakten op een Bléck
RTL - 13.01.2012, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.01.2012, 14:46
E kuerzen Iwwerbléck vun de wichtegsten Etappen vum Bau vun der Nordstrooss.

1982 - De Bau vum Contournement zu Ettelbréck fänkt un.
1989 - No 7 Joer Bauzäit geet de Contournement zu Ettelbréck fir de Verkéier op.
1992 - D’Ostvariant vum Nordstroosstracé gëtt an der Chamber gestëmmt.
1993 - Net just um administrativen Plang gouf déi läscht Joeren geschafft - d’Aarbechten um Contournement Schieren sinn fäerdeg - och Schieren kann elo ëmfuer ginn.
1995 - De Minister vun den Travaux Public, Robert Goebbels, stellt den Tracé tëscht der Stad a Miersch fir - déi sougenannten Ostvariant gouf zréckbehalen. De Käschtepunkt gëtt op méi wéi 12 Milliarden - deemools nach Frang - chiffréiert.
1996 - Nieft de sëllechen Diskussiounen, gëtt et e Grond fir ze feieren - déi éischt 8,6 km Nordstrooss, tëscht dem Contournement Schieren an dem Fridhaff kënnen ageweit ginn.
2001 - Dat zweet Deelstéck Nordstrooss - vu Miersch bis op Colmar-Bierg - geet vir de Verkéier op. Et ass dat éischt richtegt Stéck Autobunn vun der Nordstrooss.
2002 - Vum Kierchbierg kann een elo bis op de Waldhaff iwwert d’Nordstrooss fueren.
2005 - D’Nordstrooss gëtt méi deier wéi geplangt. Zousätzlech 229 Milliounen Euro ginn an der Chamber gestëmmt. Dëst Joer fänkt och de Bau vum längsten Tunnel vun der Nordstrooss un - dem Tunnel Grouft.
2008 - D’Deelstéck Luerenzweiler - Miersch ass fäerdeg. Déi éischt Autoen kënnen duerch de bis dato längsten Tunnel vum Land fueren - den Tunnel Gousselerbierg.
2010 - Och beim leschten Tunnel op der Nordstrooss ass e Liicht um Enn vum Tunnel: um Stafelter ass den Duerchbroch och gegléckt.
2011 - Eng weider Enveloppe muss gestëmmt ginn, de Projet Nordstrooss gëtt ëm 58 Milliounen Euro méi deier.

Déi prominentst Varianten
D’Westvariant
An engem Gesetz vun 1972 gëtt eng éischte Kéier en ongeféieren Traçé fir d’Nordstroos gezeechent: vu Stroossen op Ettelbréck, mat engem Raccordement un d’Stroossennetz am Uelzechtdall.
D’Uelzecht- an Ökovariant
D’Awunner aus dem Weste vum Land gesinn hier Liewensqualitéit am Fall vun enger Westvariant erofgoen an doraus entsteet d’Propose vun der Uelzechtvariant: d’Nordstrooss géif dann direkt duerch den Uelzechtdall verlafen.
D’Oekovariant gëtt an den 90er Joeren vum deemolegen Minister fir Travaux publics, Marcel Schlechter, proposéiert a géif och duerch den Uelzechtdall verlafen, allerdings iwwer Viaducen an duerch Tunnellen.
D’Ostvariant
Uelzechtdall- an Ökovariant stoussen op de Widderstand vun den Awunner vum Uelzechtdall an Etuden weisen, dass des Varianten och wéinst der Siedlungsdicht net realiséierbar wären.
Schlussendlech gëtt den 30 Abrëll 1992 an der Chamber d’Ostvariant gestëmmt, mat där den Ausgangspunkt vun der Nordstrooss op de Kierchbierg verluecht gëtt.
Et dauert awer nach bis 1995 bis de Robert Goebbels, Successeur vum Marcel Schlechter am Bauteministère, den definitiven Tracé presentéieren kann.

Wat huet d’Nordstrooss bis elo kascht?
Den éischte Gesetztext gesäit 367 Milliounen Euro vir 25km Nordstrooss vum Kierchbierg bis op Ettelbréck vir.
2005 muss awer eng 2. Enveloppe fir d’Nordstrooss gestëmmt ginn, de Projet gëtt 229 Milliounen Euro méi deier wéi virgesinn.
Well d’Tunnelen duerch hier Komplexitéit awer méi deier gi sinn wéi gerechent, ginn net méi spéit wéi de leschten 21. Dezember nach emol 58 Milliounen Euro nogestëmmt. Dës läscht Zomm gesäit e Sputt vun 11 Milliounen falls weider net virgesinne Käschten géifen op de Staat zoukommen. Dat mécht en Total vun ronn 654 Milliounen Euro - summa summarum - déi de Projet Nordstrooss verschlongen huet.
E puer interessant Zuelen erausgepickt
Längt: 31,5 km vum Kierchbierg bis op de Fridhaff bei Dikrech
Längsten Tunnel: Grouft, 2966 m, also bal 3 km
Längsten Viaduc: Luerenzweiler, 895 m
Leitplanken: ongeféier 70 km
CITA-Schëlter (tëscht Kierchbierg an Schieren) : 102 Stéck
Stroumkabelen z.b. am Tunnel Gousselerbierg : 251 km
