Serie Sozial Hëllefsmesuren: RMG
RTL - 16.04.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.04.2012, 10:35 | 12 Commentaire(n)
Serie "Sozial Hëllefsmesuren": Den RMG, de Revenu Minimum Garanti ass ee vun de Moyenen, deen sech Lëtzebuerg ginn huet, fir géint d'Aarmut ze kämpfen.

D'Zuel vun de Leit, déi vum RMG profitéieren, ass am laf vun de leschte 24 Joer konstant an d'Lut gaang. Kruten am Joer 1986 eppes klenges iwwer 1.500 Leit den RMG, woren et 2010 scho bal 9.000. Wat d'Zesummesetzung vun de Stéit betrëfft fält op, dass et an der Majoritéit eenzel Persoune sinn, ouni Kanner. Si maache bal 58% aus. Hannendrun komme mat bal 18% Elengerzéier. Am Kader vun eiser Serie iwwert déi Sozial Hëllefsmesüre beliichte mer an engem éischte Reportage dës Hëllef méi am Detail.
Den RMG ass eng Akommesgrenz ënnert déi keen Awunner hei am Land soll falen. Dës Grenz läit bei ëm déi 1.200 Euro. Vum Fonds de Solidarité kréien déi betraffe Persounen ee Complément ausbezuelt, fir op des Manéier eng méi oder wéineger stabel finanziell Situatioun ze hunn. Dëse Revenue hänkt natierlech vun der Gréisst vum Stot of a wéi vill déi concernéiert Leit eventuell nach soss un Akommes hunn.
Et muss een also eng ganz Partie Konditiounen a Viraussetzungen erfëllen, fir an de Genoss vum RMG ze kommen, betount de Marc Meyers vum Familljeministère. Fir kënne vum RMG ze profitéiere muss ee fir d'éischt eng Demande beim Fonds de Solidarité maachen.
Wann engem seng perséinlech Situatioun ännert muss een déi zoustänneg Servicer sou séier wéi méiglech doriwwer informéieren. Aktuell profitéieren ëm déi 8.500 Stéit oder 18.500 Leit vum RMG an och vum Complément RMG.
An engem nächste Reportage, beliichte mer am Kader vun eiser Serie iwwer Sozial Hëllefsmesüren, d'Allocation de vie chère, och nach Deierungszoulag genannt.

Äre Commentaire