Serie Sozial Hëllefsmesuren: Aide Sociale
RTL - 20.04.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.04.2012, 16:53 | 1 Commentaire(n)
"Sozial Hëllefsmesuren": Am Kader vun eiser Serie huet d'Corinne Folscheid d'Aide Sociale méi genee ënnert d'Lupp

Am Kader vun eiser Serie iwwert déi sozial Hëllefsmesüre vum Staat huet d'Corinne Folscheid d'Aide Sociale méi genee ënnert d'Lupp geholl.
Dat neit Gesetz iwwert d'Sozialhëllef huet verschidde kloer Richtlinnen, sou de Marc Meyers, Assistant d'Hygiène Sociale vum Familljeministère. Mam Gesetz ass ee Recht op Sozialhëllef geschaf ginn. Wann d'Hëllef refuséiert gëtt , kann een och ee Recours maachen.
Eng zweet grouss Ännerung ass, dass de Fonctionnement vun den Offices Sociaux professionaliséiert gouf. Haut sëtzt an all Büro een Assistant Social. Donieft gëtt de Respekt vum Secret Professionnel ganz grouss geschriwwen. D'Leit selwer, déi Hëllef beim Office Social ufroen, mussen awer och Responsabilitéit iwwerhuelen. D'Leit mussen awer och weisen, dass si nees wëllen un hirer Situatioun änneren.
Fir d'éischt mécht den Office Social déi néideg Demarchen a guidéiert d'Leit, dass si hir Problemer an de Grëff kréien. Wann néideg kann den Office Social och eng materiell Hëllef ginn.
Fir vun der Sozialhëllef kënnen ze profitéieren, muss déi betraffe Persoun verschidde Konditiounen erfëllen, betount de Marc Meyers, notamment legal hei zu Lëtzebuerg wunnen. Fir eng Hëllef unzefroen, muss d'éischt eng schrëftlech Demande gemaach ginn.
Aktuell ginn et hei am Land 30 Office Sociauxen, déi sech op Basis vun dem neie Gesetz iwwert d'Sozialhëllef regional organiséiert hunn.
Am Kader vun eiser Serie iwwert déi sozial Hëllefsmesüren hu mer véier Büroen erausgepickt, déi mer iech vun e Méindeg un virstellen. Et sinn dat d'Büroen aus der Stad, Esch, der Nordstad a vun Déifferdeng.

Äre Commentaire