Diabetes (3): Erfahrungsbericht vun enger Diabetikerin
RTL - 05.11.2009, 15:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.11.2009, 11:39 | 0 Commentaire(n)
De folgenden Artikel gouf vun der Madame Danièle Rasqué-Besch virun 10 Joër fir den 20. Anniversaire vun der ALD geschriwwen.

Si mécht e Réckbléck, wéi den Alldag vun engem Diabetiker sech an de leschte Joerzéngte geännert huet.
Den Artikel ass bis op puer kleng Detailer nach ëmmer aktuell, hannert dem Artikel fannt Dir an puer kuerze Wierder erklärt, wat sech zanter dësem Artikel geännert huet.
Zockerkrankheet fréier an haut - aus der Siicht vum Diabetiker
Gebuertsdeg sinn d’Geleënheet, fir e Réckbléck ze maachen an ze kucken: Wou stinn ech, wat ass changéiert, wéi geet et weider.
Ech wëll dëse Réckbléck emol aus der Siicht vum Zockerkranke selwer maachen.
Haut menge mir vläicht nach ëmmer, et als Diabetiker schwéier ze hunn, mee am Fong ass dach villes am Laf vun de Jore besser ginn.
1. Analysen
Um Ufank hu mir Waasseranalysen gemaach. Den Urin huet an engem Potti oder Dëppchen missen opgefaangen ginn. Dono as eng Chimie lassgaang, déi engem Laboratoire all Eier gemaach hätt.
Beim Clinitest huet een 5 Drëpsen Urin an 10 Drëpsen Waasser an e Reagenzglas ginn, eng Pëll derbäi gemaach, d’Reaktioun ofgewaart, dat Ganzt gerëselt, an dann huet déi ganz Mixtur eng blo-gréng-brong –orange Faarf ugeholl.
Wann eng flüchteg orange Faarf während der Reaktioun opgedaucht ass, huet een dat Ganzt nach eng Kéier misse maachen, awer mat enger gréisserer Verdënnung.
Nëmmen bei orange waren déi Meescht vun eis schon esou depriméiert, datt se matt dem ganze Verdënnen scho guer net méi ugefaangen hunn.
Bei orange hu mir dann och nach en Acetest gemaach, eng Pëll op e schéine wäisse Pobeier geluegt, eng Drëps Urin dropgeluegt an genau d’Sekonnen ofgewaart.
Mir waren all frou, wéi mir dëss ëmständlech Methoden duerch Sticken ersetze konnten. Du war schon emol keen Dëppchen méi néideg, mee de Stick konnt an den Urinstrahl gehale gin.
D’Resultater vun de Waasseranalysen waren eng Zort Résumé vun dene Stonne virdrun an hun eis net iwwert Géigewaart informéiert. Also hu mir eis Glycémie ëmmer nëmmen mat engem Zäitdecalage kënnen gewuer ginn.
Et wäert esou ongeféier 20 Joer hir sinn, du si mir dann no an no zu de Bluttanalysen iwwergaangen, fir d’éischt paralell zu den Urinanalysen an dono eleng. Bei deenen Analyse konnte mer du déi «aktuell» Géigewaart erfueren an och an der Therapie drop reagéieren.
D’Bluttzockermoossapparaten waren um Ufank grouss Këschten an waren net mat deene Grimmelcher vun haut ze vergläichen. Et huet een eng grouss Drëps Blutt gebraucht, 60 Sekonde gewaart, de Stäbche mat Waasser ofgesprëtzt, op engem Temposnueschnappesch ofgedréchent an dono eréischt konnt een den Stäbchen an den Apparat stiechen fir ofzeliesen.D’Feelerquelle bei all deenen Handlungen waren also zimmlech grouss an exakt Resultater hunn also vu ville Kléngegkeeten ofgehaang.
Déi Apparater vun haut si vill méi kleng, handlech an si brauche manner Blutt. Si ënnerscheeden sech duerch hir Memoiren, verschiddener kënnen duerch Computeruschloss dem Diabetikeranalysebichelchen eng nei Dimensioun ginn.
Um Ufank hate mir och nach keng Autopiqueuren an eng Bluttanalyse maachen, huet vill méi Iwwerwannung kascht, besonnesch fir Kanner.
Och am Labo ass muenches changéiert. Ier mir selwer d’Autosurveillance am Blutt gemaach hun, hu mir ons bei all Laborsbluttanalyse missen zweemol am Dag am Labo présentéieren, fir den Zocker eniichter an och nom Iessen gekuckt ze kréien. Dat huet 2 Deplacementer bei all Laborsanalyse erfuedert. Elo kann den Dokter duerch den HbA1C sech ee bessert Bild maachen iwwert eisen Zocker déi lescht 2 Méint oder duerch de Fructoseaminetest déi lescht 3 Wochen.
A punkto Analysen waarden awer déi meescht vun eis ongedëlleg op d’Zockerauer, déi ons fir geschwënn versprach gin ass. Si wäerd eis kontinuerlech iwwert eise Bluttzocker renseignéieren, ouni ëmmer erëm nei ze pikken.
Erlaabt mer awer nach e puer «Remarquen» iwwer dës Entwécklung ze maachen: Ganz sécher si mir frou, datt et méi einfach ginn ass, fir erauszefannen, wéi eis Glycémie an der Géigewaart ass. Mee wann een esou nodenkt, ass paralell zu där positiver Entwécklung eng manner flott agetratt. Fréier, mat de Waasseranalysen, sinn déi schlecht Wäerter bei ongeféier 180 mg % Zocker ugaang, dat heescht, de Moment, wou den Zocker d’Niereschwell iwwerschreit an an den Urin kënnt.
Wann eis Analysen deemols 0 Zocker ugewissen hunn, ware mir zefridden an hu gesot «Et as alles an der Rei, ech hu keen Zocker am Waasser». Elo mat de Bluttanalyse fanne mir vläicht deselwechte Moment e Wäert bei 175 deen ons e bësschen héich schéngt, an ons onzefridde mécht. Sou sinn d'Erfollegserliewnisser am Diabetikerliewen duerch d'Bluttanalysen méi kleng ginn. Den Zockerkranke fillt sech nämlech oft schëlleg, obschonn en et net ass. Bluttzockerschwankunge si beim insulinpflichtegem Diabetiker d’Regel an net d’Ausnahm.
Selbstverständlech ass de Motto "Was ich nicht weiss, macht mich nicht heiss" keng gut Astellung am Diabetikerliewen, an et as besser, ze wëssen, wou een teschend 100 an 180 läit.
2. Sprëtzen an Insulin
Wat d’Insulinsprëtzen ubelaangt, hu mir och eng immens Entwëcklung an deene leschten 20-30 Joren gemaach.
Wéi ech jonk Diabetikerin war, waren d’Seringen aus Glas. Den Insulin gong mat enger relativ décker Nol aus dem Flacon erausgeholl, dono huet een eng aner dropgesat, fir ze sprëtzen.
All dat Material huet missen no all Gebrauch stériliséiert, ausgekacht oder mindestens mat ofgekachtem Waasser ausgespullt gin. Duerch d’Nolen huet een en Drot misse stiechen, fir datt se duerchlässeg blouwen. Dës villt Gedeessems ëm d’Stérilisatioun huet et schwéier gemaach, fir z.B. ze reesen. Ech hunn alt zu däer Zäit eng Zort Bain-marie matgeholl, fir net op d’Hotelspersonal an deem séng Hygiène ugewisen ze sin. Ech war frou, wéi emol fir d’éischt Nolen fir ewechzewerfen an e bësschen méi spéit Plastiksseringen op de Maart koumen, déi dat ganzt Gespulls iwwerflësseg gemaach hun. Elo brauchen déi ënnert ons, déi Penë benotzen, nëmmen nei Nolen ze huelen; dat mecht och d’Ëmweltbelaschtungen duerch de Offall méi kleng.
Och beim Insulin as villes changéiert. Um Ufank hu mir Schwéngs- oder Rëndsinsulin benotzt. Deen Extrakt vun Déierebauchspeicheldrüsen huet nieft dem Insulin och nach aner Eewäisssubstanzen enthalen, wat bei deem een oder aneren Allergien zur Folleg hat.
An de 70 Joren ass dunn een Insulin entwéckelt ginn, den MC, deen, wéi säin Numm et seet, Monocomposé. Dësen Insulin war puren Insulin, et waren keng Niewestoffer aus dem Bauchspeicheldrüsenextrakt méi dran.
Domat war et awer nach net genug. D’Industrie huet et fäerdeg bruecht deen 1, respektiv déi 2 Bausténg, déi den Insulin MC nach vum mënschlechen Insulin ennerscheet hunn, auszewiesselen an doraus HM Humaninsulin ze maachen.
An deene puer läeschte Joren sinn d’Forscher dun nach méi weit gaangen an hun mam Lispro en Insulinanalog entwéckelt, bei deem zwee vun sénge Bausténg ëmgewiesselt gouwen, mam Zil, een Insulin ze hunn, dee méi séier an d’Blutt geet a bei deem ee kee Sprëtz-Iess-Ofstand méi ze maache brauch, wat vun immenser praktescher Bedeitung ass.
Fréier waren 40 Eenheeten Insulin an engem ml, haut sin der 100 an 1 ml. De Changement vun U40 op U100 huet et erlaabt, grad esou vill Eenheten a méi engem kléngem Volume ze sprëtzen, dat as scho wichteg fir d’Haut, wann een säi Liewe laang bis zu 5 Mol den Dag sprëtze muss.
Glucagon fir eng déif Hypo ze korrigéieren hat ech fréier net am Frigo. Amplaz hat ech e puer Ampullen Glucose, déi awer nëmmen den Dokter hätt kënnen intravenös sprëtzen fir mech aus der Hypo ze huelen. Den Entourage vun engem Diabetiker konnt also fréier näischt aneschtes maachen, ewéi op den Dokter ze waarden. Haut hun dem Diabetiker seng Matmënschen, mat der Glukagonsprëtz, dem Géigenhormon vum Insulin, e wierksamt Mëttel fir ouni den Dokter auszekommen, wann den Diabetiker eng déif Hypo huet.
Dëss Insuliner gin all entweder subkutan gesprëtzt oder och fir déi schnellwierkend ënnert hinnen an Insulinpompelen gebraucht, Pompelen déi entweder bausse gedroen oder och heiandsdo implantéiert gin.
Fréier hu vill Diabetiker nëmmen 1 an dono 2 mol am Dag gesprëtzt. Haut gëtt oft méi heefeg am Dag gesprëtzt, e Basisinsulin (dat heescht e laangzeitwierkenden Insulin) deckt d’Besoine vum Stoffwiechsel of, an e Bolusinsulin (dat heescht e kuerzzeitwierkenden Insulin) deckt d’Besoine vun de Molzechten of.
D’Insulinbehandlung huet also och eng grouss Evolution matgemaach an deene läschte Jorzengten. Wat vrun allem awer fir dem Diabetiker séng Liewensqualitéit wichteg ass, dat ass dat hei: Fréier huet een d'Iessen op den Insulin ugepasst, haut kann een den Insulin un d’Iessen an un de Liewensrythmus upassen. Aplatz rigouréis, ewéi fréier, all Dag déi selwecht Zuel Eenheten Insulin ze sprëtzen, adaptéieren ech haut meng Dosis je no Analyseresultat, Iessenswonsch oder Aktivitéitsplang. Déi méi kuerz Ofstänn, an deenen e sprëtzt, erlaaben vill méi Variatiounen vum Liewensrythmus.
Den Avantage vun dëser sogenannter intensivéierter Method, as dat e kéng esou fix Iessenszäiten anzehale brauch, an dat een och d’Iessensquantitéiten séngem Honger a séngen Ernärungswënsch besser upasse kann. Den Désavantage ass, datt e vill Kontrollanalyse maache muss, fir d’Auswierkungen vun där relativer Freiheet ze kennen.
Dee System vun dem intensivéiertem Traitement gëtt awer och ënnerschiddlech vun deene verschiddenen Diabetiker opgeholl. Fir déi eng bedeit en «déi grouss Fräiheet», déi aner kënnen ganz gudd matt méi strikten Regelen liewen a gesinn an dem intensivéiertem Traitement nëmmen eng Obligation méi Kontrollanalysen ze maachen, d’Dosis adaptéieren ze mussen an doduerch den Zocker iwwerhaapt nët méi aus de Kapp ze kréien.
3. Ernährung
Bei der Ernnärung wollt ech just de Changement an der Opfassung iwwer d’Kohlenhydrater, den no an no agetratt ass, ernimmen. Vill Saachen déi fréier als wëssenschaftlech etabléiert duergestallt gi sinn, sinn haut net méi wouer.
Fréier hu mir d’Kohlenhydrater an Zocker als Daiwel un d’Wand gemolt kritt, an hun mat alle Mëttele probéiert, der esou mann ewéi meiglech z’iessen. Mir hun eng strikt Differenz gemaach tëschend séieren a luese Kuelenhydrater.
Als Jugendlechen hun ech ëmmer missen op d’Zänn beissen, wann et bei eis doheem Nuddelen gin ass. Och bei Lënsenzopp hun ech misse passen. Grad dës Saachen gin dem Diabetiker haut ugeroden, well den Zocker doraus vill méi lues an d’Blutt geet, ewéi fréier ugeholl. Et ass och erausfonnt ginn, datt je nodeem, wat een nieft de Kuelenhydrater ësst, hir Verdauung méi séier oder méi lues ass.
Haut soll ee seng Kaloriëratioun haaptsächlech mat Kohlenhydater ausfëllen.
Den Iwwergang vun der enger Opfaassung op déi aner war net liicht. Et hat e laang gebraucht, ier een déi eischt Opfaassung begraff hat, an dono de Contraire ze maachen vun deem, wat e geléiert hat, kascht muench psychologeg Iwwerwannung an huet, och nach haut, muench Onsécherheet zur Folleg.
Dës Veronsécherung schéngt mer iwwerhaapt en allgemenge Phänomen haut bei villen Zockerkranken ze sinn. Well d’Neierungen ëmmer progressiv bekannt ginn, hun déi eng et scho matkritt, wann déi aner nach iwwerhaapt naïscht dervun héieren hun. An esou gin d’Meenungen iwwer dat, wat aktuell a richteg ass, ënnert den Diabetiker oft auserneen. Et as duerfir wichteg, sech ëmmer erëm duerch Liese vu Bicher an Zeitungen, duerch Nolauschtere vu Konferenzen um Lafenden ze halen.
Dës méi grouss Fräiheet stellt och verschiddene Leit Problemer, well si vläicht méi strikt Regele brauchen, fir net iwwert d’Stréngt ze schloen.
4) D’Opfaassungen iwwer d’Zockerkrankheet sinn och changéiert
Wéi ech zockerkrank gi sinn, war mir, esou gutt ewéi méngen Elteren, praktesch näischt iwwert Diabetes bekannt. Vrun allem negativ Beispiller sinn an de Käpp ronderëmgegeeschtert: amputéiert Been, Blannginn asw. Dës Opfaassungen hunn Angscht gemaach a si waren allgemein op e Mangel un Informatioun zréckzeféieren.
Haut huet all neien Diabetiker an och déi al d’Méiglechkeet, sech z’informéieren, an ze léieren, datt déi Krankheet net onbedéngt zu all deene Komplikatioune féieren muss. Et gëtt haut praktesch an all Land Diabetikervereenigungen an et ass och net zulescht aus dëse Grënn, datt virun 20 Joër d’ALD entstanen ass. Duerch hir Aktiounen, wéi Schulung, Zeitung a Permanence, dréit si derzou bäi, datt mir alleguer besser Bescheed wëssen. Et ass awer och der ALD hire Wonsch, datt mir ons als Diabetiker net esou eléng fillen. Wa mir mat éngem anere Mënsch schwätzen, deen déi selwechte Problemer huet wi mir, gi mir gestärkt fir besser duerchzehalen.
5) Konklusioun
Dee ganzen Exposé wëllt net heeschen, datt et elo eng Freed ass, Diabetiker ze sinn. D’ Zockerkrankheet stellt nach ëmmer eng Erausfuederung duer
- däer ee sech Dag fir Dag muss stellen, an der Theorie, mee vrun allem an der Praxis (wat net ëmmer dat selwecht ass);
- bei däer een, Dag fir Dag, eng gehéiereg Portioun Optimismus a Courage muss bréngen;
- bei däer een Dag fir Dag, och wann ee krank ass, och wa Vakanz ass, och wann een d’Flemm huet, virausplange muss an dono kritech zréckkucke muss;
- bei däer een d’Problemer net all léise kann, mee dermat liewe léiere muss;
- bei däer een erkenne muss, dass Perfektioun net méiglech ass;
- bei däer een Nidderlagen muss kennen ewechstiechen ...
... fir trotzdem ëmmer erëm säin Bescht ze maachen.
Dës Erausfuederung ass et a mengen Ae wäert unzehuelen, well doduerch kënne mir en anert awer en erfëlltent a wäertvollt Liewe liewen.
Association Luxembourgeoise du Diabète
Danièle Rasqué-Besch
20. Abrëll 1999
UPDATE anno 2009: Dee gréisste Changement an de leschten 10 Joer war d’Ersetze vun den ale Laangzäitinsuliner duerch méi nei Zorten, wat eng grouss Ännerung an der Therapie mat sech bruecht huet. Dës nei Insuliner wierke méi flaach, doduerch kann een d'Obhuele besser virausgesinn an et gi vill manner Schwankungen an Ënnerzocker.


Äre Commentaire