Diabetes (2): Als Teenager krut de Michel d'Diagnos Diabetes
RTL - 05.11.2009, 16:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.11.2009, 11:01 | 0 Commentaire(n)
Diabetes vum Typ-1, dat war d'Diagnos déi de Michel* virun 9 Joer an der Kannerklinik gestallt krut, nodeems hien an 2 Méint 13 Kilo ofgeholl hat.

Haut ass hien ufanks 20 an huet seng Krankheet sou wäit gutt am Grëff. D’Dany Thielen huet mat senger Mamm iwwert d’Krankheet vun hirem Jong geschwat.
Déi éischt Unzeechen
Et huet puer Wochen gedauert, bis dem Michel senger Mamm bewosst ginn ass, dass eppes mat him net an der Rei wär. Als Teenager wollt hien onbedéngt ofhuelen, den Dokter huet him geroden, Sport ze maachen an awer och vill ze drénken, virun allem Waasser. Dat huet am Ufank ganz gutt geklappt, hien huet direkt vill Gewiicht verluer.
Stutzeg gouf seng Mamm, wéi hien ëmmer méi gedronk a virun allem ëmmer weider ofgeholl huet an dat obwuel hien och Limonad gedronk huet. En Appell beim Hausdokter an eng Bluttzockeranalyse méi spéit gouf de Michel an d'Kannerklinik iwwerwisen, wou déi ënner 15-jähreg Diabetiker behandelt ginn. D'Diagnos war kloer: De Michel hat ee vill ze héije Bluttzockerwärt, ervirgeruff duerch déi genetesch bedéngte Variant vun der Diabetes.
An der Klinik
Eng Woch huet hien dunn an der Kannerklinik misse bleiwen. Säi Bluttzockerspigel gouf lues a lues mat Medikamenter op en normale Wäert gesenkt. An natierlech huet hien och als éischt mol musse léiere mat senger Krankheet ëmzegoen. De Michel krut also erkläert, wéi a wéini hie sech de Bluttzockerspigel moossen respektiv Insulin sprëtze misst a wéi hien d'Zockerkrankheet a säin Alldag kéint abauen.
Et sinn oft alldeeglech Saachen, un déi eng Persoun, déi net betraff ass, mol guer net denkt: Sou huet hien zum Beispill misse léieren, wéi hie sech an der Schoul eng Sprëtz kéint maachen an dobäi och op d'Hygiène oppassen. Séier ginn esou Handgrëffer awer Routine, sou dem Michel seng Mamm. Haut kritt kee méi mat, wann hie sech bei engem Iessen emol zwëschenduerch de Bluttzocker moosst an Insulin sprëtzt.
"Mat där do Krankheet kann een liewen"
Am Ufank war d’Diagnos Diabetes natierlech e Schock fir d'ganz Famill, mee de Michel huet d'Krankheet ganz séier akzeptéiert an och seng Mamm huet him deemools gesot an seet och haut nach: "Mat där do Krankheet kann ee liewen. Zwar net esou gutt wéi e Gesonden, mee et kann een liewen." An awer wär et heiansdo ganz schwéier als Mamm nozekucken, well säi Kand net ëmmer all déi Saachen ka maachen, déi seng gesond Kollegen däerfen. De Michel geet zum Beispill ganz gär mat sengen Kollegen eraus an dann drénken si emol deen een oder anere Patt iwwert den Duscht, da muss hie passen, well d'Kombinatioun Alkohol an Diabetes ëmmer e Risiko duerstellt. Ganz stolz ass seng Mamm dann awer och op hien, dass hien sech do ganz gutt un d'Uweisunge vun den Dokteren hält.
"Léieren mat der Krankheet ëmgoen"
Während de Michel als éischt mol huet misse léieren, wéivill Insulin e sech bei enger Molzecht sprëtze muss - dat hänkt ënner anerem vun de Kuelenhydrater of, déi am Iesse sinn -, huet seng Mamm och hir Lektioun geléiert. Si krut ganz kloer vun der Doktesch gesot: "Et ass him seng Krankheet, net Är!" Si sollt hire Jong also sou erzéien, dass hie selbststänneg mat der Diabetes géif kloerkommen an dat heescht sech och als Mamm zeréckhalen an net amëschen. Dat ass awer net ëmmer einfach: "Et wëll een en jo ëmmer schützen”, seet d’Mamm vum Michel.
"An der Schoul"
Frou ass seng Mamm virun allem doriwwer, dass dem Michel seng Krankheet och sou gutt an der Schoul akzeptéiert ginn ass. Si betount, dass zum Beispill ni en Enseignant eppes dogéint gesot huet, wann hien am Sport oder och soss an engem Cours Cola gedronk huet, fir dem Ënnerzocker entgéint ze wierken. D'Akzeptanz wär awer zu engem groussen Deel och doduerch do gewierscht, well hie sech mat senge 14 Joer jo scho selwer konnt ëm alles këmmeren, wat bei klenge Kanner vun 2 bis 3 Joer nach net de Fall ass. Dës mussen an der Crèche oder an der Maison Relais vill méi staark ëmsuergt ginn an do géif den een oder aneren Erwuessene schonn éischter zécken, dës Verantwortung op sech ze huelen.
"Hien huet am Fong gutt Erfahrungen gemaach. Et ass ëmmer gutt vu senge Kollegen akzeptéiert ginn", sou dem Michel seng Mamm. Dat wär sou an der Schoul gewiescht an awer och an de Veräiner an, wat ganz wichteg ass, op der Aarbecht. Am Ufank hätt hire Jong sech genéiert, sech entzwousch seng Sprëtz ze maachen, mee och dat wär séier zur Routine ginn.
Liewen mat Diabetes
Wéivill a wéi oft en Diabetiker Insulin muss sprëtzen, hänkt vu Persoun zu Persoun a vu Molzecht zu Molzecht oft. De Michel muss regelméisseg moies, mëttes an owes beim Iessen Insulin sprëtzen an awer och mol derzwëschent. Den Insulin wierkt 2-3 Stonnen, iwwert d'Nuecht hëlt de Michel dofir e Langzeitinsulin.
Dat wuel schwéierst fir en Diabetiker ass, dass et keng Paus dovu gëtt, sou d’Mamm vum Michel. En Diabetiker soll sou disziplinéiert wéi méiglech liewen an dat bedeit och, de Bluttzockerspiggel ze moossen, wann ee sech grad guer net duerno fillt. Dat kann zum Beispill während enger Mogripp sinn, wann ee sech léiwer just d’Decken iwwert de Kapp géif zéien a seng Rou wëll hunn. Mee dat si ganz kriddeleg Momenter, well och dann de Bluttzocker weidersteigt an de Kierper ze iwwerseiere riskéiert.
"Et geet net, fir ze soen, ech hätt lo gär 3 Deeg Vakanz, ech wëll mech lo net drëm këmmeren", ass de Fazit vum Michel senger Mamm, déi dann och erklärt, dass hire Jong léiwer Vakanz an de Bierger mécht wéi um Strand. D'Plage ass mam ville Sand onpraktesch, wann den Diabetiker sech muss Insulin sprëtzen, an dës Substanz soll och kengen ze héijen Temperaturen ausgesat sinn. Soss verléiert se hir Wierkung an et huet ee keng Kontroll méi driwwer, wéi deen Insulin, deen ee grad gesprëtzt huet, wierkt. Mee dem Michel seng Mamm kuckt och dat ganz relativéiert: "Theoretesch kann een an all Vakanz goen." Si selwer kennt och Diabetiker, déi scho Safarië matgemaach hunn, den Insulin haten si an enger spezieller Killtäsch.
Als Fazit bleift also dat, wat seng Mamm dem Michel schon ganz am Ufank gesot huet:
"Mat där do Krankheet kann ee liewen. Zwar net esou gutt wéi e Gesonden, mee et kann een liewen."
* Numm vun der Redaktioun geännert 


Äre Commentaire