Diabetes (1): Wat ass dat iwwerhaapt fir eng Krankheet?
RTL - 05.11.2009, 16:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.11.2009, 14:48 | 0 Commentaire(n)
246 Milliounen Leit op der Welt leiden ënnert hir, et ass déi 4. heefegst Doudesursaach duerch eng Krankheet an och ëmmer méi Kanner sinn dovu betraff.

Rieds geet ëm d'Diabetes, déi Krankheet, wann de Kierper selwer net méi genuch Insulin produzéiert, fir den Zocker, den am Iessen ass, ze verschaffen.
Zanter 30 Joër steet hei zu Lëtzebuerg d’Association Luxembourgeoise du Diabète - kuerz ALD - den Diabetiker mat nëtzleche Rotschléi zur Säit. D’Associatioun feiert am Hierscht hiren 30. Gebuertsdag a presentéiert sech een Dag nom Weltdiabetesdag, deen ass de 14. November, also de Sonndeg 15. November mat enger Porte-ouverte am Hôtel Parc Belle Vue (Centre Convict), 5, Avenue Marie Thérèse an der Stad.
Wat ass Diabetes?
Diabetes gëtt an zwou Zorten opgedeelt: den Typ 1, dat ass eng Autoimmunkrankheet, dat heescht opgrond vun enger Fehlfunktioun zerstéiert de Kierper verschiddener vun sengen eegenen Zellen, an dësem Fall déi Zellen, déi an der Bauchspeicheldrüs fir d’Produktioun vun Insulin zoustänneg sinn. Dës Form vun Diabetes trëtt normalerweis bei Kanner oder jonken Erwuessene bis 30 Joër op. Deen zweeten Typ un Diabetes gëtt am Volleksmond och nach Alterszocker genannt, well e virun allem eeler Leit betrëfft. Hei sinn déi Zellen, déi den Insulin produzéieren, geschwächt, si sinn souzesoe midd ginn.
Firwat ass Insulin fir de Kierper sou wichteg?
Den Insulin ass deen kierpereegene Stoff, deen dofir suergt, dass den Zocker, méi genee d’Glucose, an eisem Blutt verschafft, also vun de Kierperzellen opgeholl gëtt. Wann déi Zellen, déi den Insulin produzéieren, net méi richteg funktionéieren, da gëtt weder den Zocker, dee mir duerch d’Iessen ophuelen, nach déi Glucose, déi eis Liewer produzéiert, vum Kierper verschafft. De Bluttzockerspigel léisst sech net méi reguléieren a gëtt vill ze héich.
Bildlech duergestallt gëtt d’Blutt wéi Hunneg, séiss a méi déckflësseg, seet d’Sylvie Paquet, Chargée de Direction vun der Maison du Diabète. Dohir och den Numm Diabetes mellitus. Fir dass de Kierper sech net selwer vergëft, probéiert hien, den iwwerflëssegen Zocker iwwert d’Nieren auszescheeden.
D'Symptomer
Doduerch huet en onbehandelten Diabetiker immensen Duuscht, en drénkt bis zu 5 oder 6 Liter den Dag a muss demno och oft op d’Toilette. Dat ass dann och eent vun den éischte Symptomer, un deenen een erkennt, dass e Mënsch un Diabetes erkrankt ass. Dobäi kommen awer och, dass dës Persoun ganz rapid u Gewiicht verléiert, dat kënnen alt bis zu 3 oder 4 Kilo d’Woch sinn. Den Diabetiker fillt sech midd an krank.
Dës ganz opfälleg Mierkmoler sinn awer virun allem beim Typ 1 Diabetes festzestellen. Beim Typ 2 sinn d’Symptomer vill manner opfälleg, doduerch mierke ganz vill Leit och eréischt dann, dass si zockerkrank sinn, wann déi éischt Komplikatiounen entstinn, dat sinn zum Beispill Hautkrankheeten oder Problemer mat den Aen.
D'Behandlung
En Typ1-Diabetiker muss Insulin sprëtzen, a fir ze wëssen, wéivill en dovu muss sprëtzen, muss en als éischt de momentane Bluttzockerspigel moossen. Dofir pickt e sech mat engem klengen Apparat an de Fanger an de nämmlechten Apparat wäert dann de Pegel vum Zocker am Blutt aus. An de leschten Joeren huet sech an dësem Beräich vill gedoen, ënnersträicht d'Sylvie Paquet: "Haut passt sech den Traitement un d’Liewensbedingungen un an net méi ëmgedréit."
Diabetiker vum Typ 2 ginn normalerweis mat Pëlle behandelt a mussen, genee wéi d’Typ1-Diabetiker, en A op hir Ernährung hunn. An seelene Fäll mussen och si Insulin sprëtze.
Diabetes ass also nach a kengem Fall heelbar, wat de Betraffenen dacks d’Gefill gëtt, dass sech net vill am Beräich vun der Fuerschung deet, sou d’Chargée vun der Maison du Diabète.
D’Association Luxembourgeoise du Diabète
Zu Lëtzebuerg fannen déi Betraffe Rot an Ënnerstëtzung bei der ALD, dës Associatioun vun den Diabetiker gouf virun 30 Joer vun engem Grupp Dokteren, Infirmieren, Diabetiker an Eltere vun Kanner mat Diabetes gegrënnt. 2003 dunn gouf d’Maison du Diabète opgemaach an hei fannen déi betraffe Leit Berodung an Informatioun.
De But ass, fir si ze léieren, fir d’Diabetes sou gutt wéi méiglech an den Alldag anzebauen, sou ginn zum Beispill Kachcourse proposéiert. D’Servicer si gratis oder et gëtt just eng kleng Participatioun gefroot. D’Diabetiker kënnen an der Maison du Diabète och e "suivi diabététique" froen, deen huet allerdéngs deen nämmlechten Tarif wéi dee vun de fräi schaffenden Diéticiennen.
Den Altersduerchschnëtt vun deene Leit, déi Berodung an der Maison du Diabète sichen, leit bei 56 Joer. Et sinn also virun allem Leit, déi Diabetes vum Typ 2 hunn, déi sech hei informéieren.
En alarméierenden Trend
Dat ass awer net verwonnerlech, sou d'Sylvie Paquet, well den Typ 2 déi meescht verbreete Form vun Diabetes ass. Zu Lëtzebuerg hu 4% vun der Populatioun Diabetes, nëmmen 0,8% vun der Bevölkerung leiden ënnert dem Typ 1.
Domat leien mer awer nach ënnert der Moyenne, déi, laut der IDF, dat ass d'International Diabetes Federation, bei 8,4% an Europa läit. Der IDF no si virun allem Nordamerika an Europa vun der Diabetes betraff, et gëtt awer constatéiert, dass och déi nei industrialiséiert Länner ewei Indien a China e rapid wuessenden Undeel un Diabeteserkrankunge verzeechnen ...
Hei spigelt sech de Wandel vun eise Liewensgewunnechte kloer zréck. Wat méi "fast food" consomméiert gëtt an d’Bevölkerung méi ënnert Beweegungsmangel leit, wat och d’Zuel un Diabetiker vum Typ 2 zouhëlt. Uersaach fir dës Erkrankung ass nämlech net just d’Veranlagung, mee och de Liewensstil, deen och zum Beispill zu Obesitéit féiert. Demno schwätzt d’IDF dann och vun der Diabetes als eng Epidemie. Goufen et 1985 op der Welt 30 Millioune Leit, déi un Diabetes erkrankt waren, sou waren et der 2000 schonn 150 Milliounen a bis 2025 gëtt d’Zuel op 380 Millioune geschat.
Dodernieft gëtt weltwäit een Trend festgestallt, deen och d’Chargée vun der Maison du Diabète alarméiert. D'Typ-2-Erkrankter ginn ëmmer méi jonk, sou ass d’Altersgrenz scho wäit no ënne gerutscht vu 60 Joer op 40. Et ginn och ëmmer méi Kanner vun 10 Joer un, déi schon um Typ 2 vun der Diabetes leiden, dat virun allem, wa si ënner schlechte Liewensbedingungen opwuessen.
Eng Hoffnung gëtt et allerdings, sou d'Sylvie Paquet. Déi Mesuren, déi vu Regierungsprogrammer ënnerholl ginn, fir d'Fettleibegkeet bei Kanner a Jugendlechen ze bekämpfen a si zu méi Sport a gesonder Ernährung ze motivéieren, hëllefen och beim Kampf géint d’Diabetes vum Typ2.


Äre Commentaire