Ronderëm eis Sprooch mam Lex Roth



«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 > »
Sprooch + Wëssenschaft

RTL - 18.05.2012, 11:28  | 0 Commentaire(n)

Natierlech ass et en intressant Thema: wat dann elo fir eis Sprooch wichteg ass. Dee Sujet stellt sech ower fir déi pur Linguistik-Wëssenschaft  net. Déi ënnersicht d’Fonctionnement. Wou, firwat a wéi d’Sprooch do steet, ass fir de stramme Sprooch-Theoretiker net sënnerlech wichteg, wann


Mammesprooch

RTL - 11.05.2012, 11:27  | 0 Commentaire(n)

Am Minett hunn ech zënter 30 Joer e ganz léiwe Frënd. Hien huet haut 82 Joer, ass an den 30er Joere ma sengen Elteren hier an d’Land komm, déi natierlech kee Pippjeswuert Lëtzebuergesch konnten. Natierlech ass bei hinnen doheem hir Sprooch geschwat ginn: Italiano. Dee klenge Fabio ass dann ...


GUILLAUME a STÉPHANIE, dat Allerbescht!

RTL - 04.05.2012, 12:55  | 0 Commentaire(n)

1981, deemno vrun 31 Joer, hat äre Schreiwert am Fréijoer d’Chance, mat enger léiwer jonker Madame hir éischt Schréck an eis Sprooch ze maachen. Dat ass net sënnerlech schwéier gewiescht, well si hat e gudde Kapp, huet perfekt Franséisch geschwat, e ganz flott Englesch gebraucht, an am ...


Aarmutt looss mer Rou ?

RTL - 27.04.2012, 10:06  | 0 Commentaire(n)

Wéi dacks hu mir ewell op allméiglech Manéieren ze héiere kritt, eis Sprooch wier en aremt Heeschekand vis-à-vis vum Däitschen, dem Franséischen oder dem Engleschen. Dat hänkt dovun of, vu wou aus een d’Saach kuckt. Wann ee beim Goethe laanscht geet, da si mir op engem Sproochniveau, wou ...


Douce France !?

RTL - 20.04.2012, 10:00  | 0 Commentaire(n)

E Sonndeg wielen d’Fransousen déi 2 Kandidaten eraus, déi a véierzeng Deeg fir den definitiven 2. Tour iwreg bleiwen. Et däerf een sech natierlech froen, ob dat eppes mat eiser Sprooch ze dinn huet… net direkt, mä eng Partie eiser Geschicht ass do ower vläicht op hirer Plaz: no deem ...


Bravo, Madame Sarah Vasco Pereira !

RTL - 12.04.2012, 06:13  | 0 Commentaire(n)

1968 hunn ech zu Esch ‘gebaut’. Den Entrepreneur war en Italéiner aus deer 3. Generatioun, an natierlech hat hie praktesch elauter italiéinesch Leit schaffen: dichteg a sympathesch Jongen, mat deenen ech mech alleguer wonnerbar verstan hunn. Ee vun hinnen, den Aldo, e Spezialist an de ...


Allerhand Sprooch-Gackelcher

RTL - 06.04.2012, 18:13  | 0 Commentaire(n)

Bis 1984 ass eis Sprooch am Fong eppes gewiescht, dat esou ‘niewendru gelaf’ ass, souzesoen en ‘Epiphenomän’, eppes aus deer zweeter, drëtter Rei , wann ee vun deene ‘wichtegen’ Elementer vu eiser Eegenart ausgaang ass… bis op den 10. Oktober 1941, wou d’Nazi-Preisen äis mat deer


't ass Fréijoer!

RTL - 30.03.2012, 10:47  | 0 Commentaire(n)

Bei all deene Gespréicher iwwer d’Wieder an de Commentairen iwwer d’Meteo geet jo dëser Deeg ëmmer erëm do Rieds, datt d’Fréijoer ewell ronn eng véierzeng Deeg méi fréi ufänkt wéi ‘soss’… a schonn ass et un deem Klima-Changement, deem zackerdjëssen CO2 an deem anere ...


Feeler ? Merssi ?

RTL - 23.03.2012, 10:23  | 4 Commentaire(n)

Mir kënnten äis stonnen- a säiteweis driwwer zermeeschteren, ob et net besser wier, wa jiddereen eis Sprooch giff schreiwe wéi hie wëllt. Dat heescht jo, déi Lauter, aus deenen d’Wierder zesummegesat sinn einfach ‘dem Ouer no’ = ‘phonetesch’ op d’Blat oder an d’Maschinn setzen. ...


"Pidgin-Lëtzebuergesch"?

RTL - 16.03.2012, 11:24  | 0 Commentaire(n)

Wou d’Englänner dat Wuert hiergeholl hunn, dat fënnt sech och net an hirem ‘Oxford Etymological’? Sécher ass ower, datt et fir en Englesch steet, dat wéi e Bam ouni Blieder a Bléien ausgesäit, mä d’Äscht si kloer ze erkennen ! Grad esou richteg ass och, datt een sech fundamental ...


Eis Sprooch hei an do

RTL - 09.03.2012, 13:02  | 3 Commentaire(n)

Natierlech ass an dëser Rubrik an och an der KLACK fir eis Sprooch ewell zënter Joere kéipweis rieds iwwer d’Lëtzebuergescht an de Geschäfter grad ewéi an de Spideeler gaang. Wa mir akafe ginn, kënne mir jo op verschidde Manéieren iwwer deen Zoustand reagéieren: Mir bleiwen héiflech ...


Schläifen a schleefen ...

RTL - 02.03.2012, 13:39  | 1 Commentaire(n)

… heescht am Däitschen nun emol dselwecht : ‘schleifen’; dat ka jiddereen a sougenannte Referenz-Wierderbicher wéi ‘Duden’ oder ‘Wahrig’ fannen. Wien sech de Spaass mécht, fir et am Franséischen oder Engleschen ze sichen, dee fënnt do zwee total verschidde Verben, fir déi zwou ...


Plomm a Fieder

RTL - 24.02.2012, 09:32  | 0 Commentaire(n)

Wann en Dickelche geschluecht ass, da kann een et net direkt esou einfach an d’Dëppen oder de Schäffche dinn, et muss jo nach… richteg : geplëmmt ginn. Wou dat Verb hierkënnt, ass dann och einfach erauszefannen. Dat Fliichtegedéiers huet nun emol Plommen. Do, wou Gänsen net nëmme fir e


Deen zackerdjëssen ‘N’

RTL - 17.02.2012, 11:49  | 4 Commentaire(n)

Dëslescht sinn ech iech hei (alt erëm) mat enger Schreifweis-Kniwwel op de Wecker gaang, wou d’Lëtzebuergescht sech vis-à-vis vun deer däitscher Sprooch duerch eng Klengegkeet ënnerscheet, un déi een ower knapps denkt : am Däitsche gëtt et e ganz kloeren ‘ECK’…dee mir grad esou ...


Erënnert iech emol vläicht…

RTL - 10.02.2012, 09:44  | 0 Commentaire(n)

Déi Leit, déi d’Chance hunn, ze verstoen, wat d’Villercher esou ‘schwätzen’, déi wëssen och, datt een dovun ëmmer ‘Béck de Réck’ seet… leider kritt äre Schreiwert dat mat senge ‘stompegen’ Oueren net mat… mä schéi muss et sinn! Dir däerft elo eng Grimmel laachen: Si ...


Lëtzebuergesch ‘Rechtssprooch’?

RTL - 03.02.2012, 19:03  | 1 Commentaire(n)

(En Artikel, deen dës Woch och an der KLACK fir eis Sprooch am WORT, dem TAGEBLATT an dem JOURNAL steet. )Mir däerfen d’Begrëffer net duerchernee geheien*, apaart* wann et ëm esou eppes Wichteges wéi déi Sprooch, dee Jargon geet, an deenen z. B. en Uertel gesprach (net ‘geschwat’ !) ...


Rullirulli

RTL - 27.01.2012, 12:01  | 0 Commentaire(n)

Huet dir iech ewell gefrot, firwat bei neien Ausdréck an der technescher Welt, mir dacks fir déi selwecht Saach vun enger Sprooch op déi aner sprangen ? Datt et dee Phenomän ower am Fong nëmmen an eisem klenge Sproochraum gëtt, ass äis och d’meescht net bewosst, well mir äis keng ...


e bësse rondrëm d’Geschreifs

RTL - 20.01.2012, 14:23  | 5 Commentaire(n)

Ganz am Ufank vu menger Sprooch-Rubrik hei um RTL. lu, vrun 3 Joer ! hunn ech kéipweis Artikelcher iwwer eis Schreifweis geschriwwen… ower dat sinn elo 3 Joer hier… an deer Zäit kann ee villes vergiessen, gelldir. Dobäi hunn der deemools vill vun de Lieser nach näischt vun deer neier ...


am Solper

RTL - 13.01.2012, 12:55  | 1 Commentaire(n)

Mir hunn hei alt ewell driwwer gegrommelt, datt bei der Behandlung vum Fleesch oder Fësch e gudde lëtzebuergeschen Ausdrock amgaang ass ze verblatzen: reezen, de Reez, d’Reezhaischen ( aplaz räächeren asw. ). Datselwecht gëllt fir d’Haascht (alias Rauchfang). D’Ursaach ass ewéi sou ...


Historiker an eis Identitéit

RTL - 06.01.2012, 19:14  | 1 Commentaire(n)

Datt Geschichtsspezialisten d’Joerhonnerte vun eiser Géigend, an domat och eisem Land, net all a scho guer net ëmmer dselwecht gesinn, ass jidderengem bekannt, deen sech mat hire Publikatiounen ofgëtt. Dat ass och iergendwéi normal, well si hu jiddereen seng Ae fir sech ze dokumentéieren, ze


Da rutscht alt emol…

RTL - 30.12.2011, 10:07  | 2 Commentaire(n)

ower maacht, datt dir net no vir op d’Gladderchen oder no hannen op de Kickes faalt ! Dir kënnt dee blöde ‘Rutsch’ esou gutt wënsche wéi dir wëllt, mä gitt domat op déi Säit, wou en higehéiert. Och an d’Franséischt iwwersat, ass dat ‘Gerutschs’ ganz einfach eng lächerlech ...


Eis ‘aarm’ Sprooch

RTL - 23.12.2011, 11:29  | 0 Commentaire(n)

Et hat emol ee vun eise ganz dichtege Sproochspezialisten an de fofzeger Joeren éierens geschriwwen, d’Lëtzebuergescht hätt seng zwéi lescht Ausdréck um Enn vum 19. Joerhonnert gemaach. Mech wonnert et nach haut, datt esou eppes deem formidabele Wëssenschaftler – ëmmerhin Dokter an der ...


En Dauer* ass a bleift en Dauer

RTL - 16.12.2011, 12:22  | 0 Commentaire(n)

D’Geschreifs iwwer eis Sprooch an d’Ëmfeld vum Lëtzebuergeschen an den Zeitungen (KLACK !) grad ewéi hei an der Sonndeszeitung vun ‘RTL. lu’ war an ass nach laang net ëmsoss. An anere Wierder: Et gëtt immens vill gelies; just dat ass jo och den Zweck, egal ob een domat averstanen ass ...


Muss dat sinn ?

RTL - 09.12.2011, 12:37  | 1 Commentaire(n)

Et stéiert kee verstännege Mënsch sech drun, wann op gewinnte Schëlter hei am Land franséisch Ausdréck stinn : Direction XY, Arrêt, Deviation, Passage difficile asw. Dat Franséisch ka jo bal jiddereen sech leeschten ; mir sinn do himmelwäit vum flammännesche Sproochfanatismus ewech, do,


Idiomen… ?

RTL - 02.12.2011, 13:03  | 0 Commentaire(n)

Loosst mer emol direkt feststellen, datt d’ Ausdréck ‘Mondart/Dialekt’ en zimlech negative Geschmaach/Geroch hunn, esou op d’Fassong ‘et ass jo nëmmen…’ . Do steet een an enger Rei mat kompetenten an eminente Wëssenschaftsleit, Linguisten, wann dir wëllt, déi kloer soen, et giff ...

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 > »