En Dauer* ass a bleift en Dauer
RTL - 16.12.2011, 12:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.12.2011, 12:30 | 0 Commentaire(n)

Leider gëtt net richteg bekäppt, datt een d’Lëtzebuergescht anescht upake muss wéi eng gestanen, gestackten a milliounefach verspreete Kultur- a Schrëftsprooch. D’Däitscht an d’Franséischt hunn als klassesch Sproochen hir Fëllementer an der Renaissance-Zäit. Eis Sprooch huet fréistens am Ufank vum 19.Joerhonnert ugefaang, schrëftlech fixéiert ze ‘dappen’. Duerch eis (excellent) Sproochsituatioun haten an hu mir keng lëtzebuergesch Press néideg. Vun eisem grappvoll ‘Klassiker’ ofgesin, kann eréischt zënter 2 Generatioune vun enger engegermoossen normaler Literatur rieds goen, déi et elo endlech vun de Kéil an der Kautsch an eng zerguttstert versuergten Zär era geschafft huet…wou net zevill falsch Loft däerf drukommen.
Ausgerechent zwee jonker Intellektueller vun deer anerer Säit vun der Erdklatz hunn dat direkt matkritt, wéi ech d’Geleeënheet krut, mech roueg a verstänneg iwwer déi speziell Problematik ze ënnerhalen. Déi sympathesch Doktorandin Knishide an dee frëndleche Postdoktorand Dr.Ogawa hunn direkt verstan, datt een eis Sprooch anescht misst kucken a behandele wéi Franséisch, Däitsch, Englesch…an zwar vun allen Elementer fir Praxis erbäi!
Den ‘Ënnerbau’ vum Lëtzebuergeschen op eiser Uni ass vum Fong erop (ab initio) net richteg ugeluecht. Et war vun Ufank u falsch, ‘Lëtzeburgistik’ an d’Germanistik eranzebauen, wou si natierlech ganz séier am Motzeck steet. Dat wëllt absolutt näischt géint d’Germanistik heeschen, och wann een sech seng Gedanken iwwer d’Nëtzlechkeet vu Germanistik hei däerf maachen, wou mir dach op 150 Kilometer 4 voll-fonktionell germanistesch Fakultéiten haten an och, ee Gléck, nach ëmmer hunn...am Fong geholl verkluddert Geld. Kloer : Dat hei kritt een elo erëm genëschelt a gemauschelt als anti-däitsch an de ‘Broostlobseekelche’ gestach, wat ower just waarm Loft ass a bleift.
Fir d’Lëtzebuergescht ass et och ganz bestëmmt kee Virdeel, datt déi ‘Saach’ vun net-lëtzebuergeschsproochege Leit dirigéiert gëtt, an datt (eminent) lëtzebuergesch Historiker un engem (Sprooch-)Fach moossen, dat hirt net ass ! Dat kléngt schaufel, mä et ass d’Wierklechkeet, well…déi erwisen akademesch Fachleit, déi mir selwer hunn, sinn entweder op der Säit gelooss oder dohinner gedréckt ginn. Et huet kee Sënn, hei mat Nimm dorëmmer ze flankéieren ; wie wëllt, dee gëtt séier gewuer, wat a wien da gemengt ass. Leider klaakt dat Weesekand Lëtzebuergesch déi akademesch Pan. Dofir wäert dëst Geknadders hei och ni ophalen.
* Dauer=Aremséilegkeet

Äre Commentaire