Historiker an eis Identitéit

RTL - 06.01.2012, 19:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.01.2012, 19:59 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth
Datt Geschichtsspezialisten d’Joerhonnerte vun eiser Géigend, an domat och eisem Land, net all a scho guer net ëmmer dselwecht gesinn, ass jidderengem bekannt, deen sech mat hire Publikatiounen ofgëtt. Dat ass och iergendwéi normal, well si hu jiddereen seng Ae fir sech ze dokumentéieren, ze iwwerleeën an ze beschreiwen. Eise Respekt si mir hinnen natierlech schëlleg… wat net heescht, datt een sech aus den Iwwerschneidungen ower och seng perséinlech Kuck a Meenung maache kann.

Quokeleg gëtt et d’meescht, wann e ‘Spezialist’ sech op eng onverantwortlech Fassong ausgerechent an enger weltbekannter Editioun wéi d’Rei ‘Que sais-je ?’ / P.U.’ erausléisst, deen emol besser hätt, sech d’éischt vru Leit wéi Herchen, Margue, Albert a Christian Calmes, Paul Weber, Trausch, Krier, Pauly, Haag an ‘deer’ nach an d’Bänk ze setzen.

Lëtzebuerger ‘Identitéit’ kënne mir souwisou eréischt vun do un ufänken ze ernimmen, wou et offiziell e Grand-Duché ginn ass (1815), do ower och nach nëmmen zënter deer sougenannter Onofhängegkeet vun 1839, zerguttst ower vun 1867 un, wou eist Land no internationalem Recht en ofgesécherten eegene Staat guff an, 1890, mat dem Grand-Duc Adolphe säi Chef fir sech kritt huet, dem Ururgrousspapp vun eisem Grand-Duc Henri. Gewëss ass dat zimlech fest resuméiert, mä et gëtt jo Bicherbutteker a Bibliothéiken, geldir…

Wou d’Historiker sech ower net sënnerlech iwwerschloen, dat ass d’Roll vun eiser Sprooch fir d’Identitéit vum Land. Si hunn sech d’meescht an deem Streech net schlau gemaach. Am Frankräich, deem eelsten zentralistesche Staat heirëmer, fanne mir op d’mannst vum François Ier un den Zock, d’Kinnekräich iwwer eng Sprooch eleng zesummenzebauen an ze halen ; dem Richelieu seng ‘Académie Française’ hat duerno als Fong keen aneren Zweck. Dat Dätschland, dat mir haut kennen, ass zum groussen Deel  duerch eng Mëttelsprooch entstan, deer hir Wuerzele mir beim Luther fannen ; et ass och keen Zoufall, datt dem Konrad Duden säin ‘Urduden’ 1880 ënnert dem Kanzler Bismarck, praktesch dem Grënder vum ‘modernen Däitschland’, d’Chance krut, iwwer d’Sprooch an hir Schreifweis ze hëllefen, eng identitär Unitéit ze demonstréieren.

A bei äis ?

Klorerweis hu mir vu virum 19. Joerhonnert bis op en etlech Spréchelcher oder Sproochelementer aus notariellen Akten zesoen näischt Schrëftleches vun enger ‘Lëtzebuerger Sprooch’ opweises. Wien hätt et geschriwwen a vu wiem wier et gelies ginn ?
No engem ëmmer erëm zitéierten Zeitungsartikelche vun 1824 fanne mir dann 1829 déi alleréischt Kéier eis Sprooch gedréckt an engem Buch vum Atoine Meyer; ‘Buch’ ass vill gesot :et waren nëmmen 38 Säitercher, en Heftchen am Format vun enger Postkaart… mä et geet duer, fir de Mathematiksprofesser Meyer als de Papp vun eiser ‘Literatur’ ze kucken an ze éieren (huet dir d’Plack um N°3 an der Dräikinneksgaass/rue Chimay an der Stad ewell gekuckt, déi mir vrun exakt 2 Joer do opgehaang hunn ?).

Wien dann op all Manéier tëscht Zeile liesen an iwwerleeë kann, dee kënnt -besonnesch als Historiker- dach net dolaanscht, d’Roll vun eiser Sprooch fir eis Identitéit anescht ze behandele wéi mat der ‘superbe du savant’, an eis Nationalsprooch da just mat e puer ‘Kollateralzeilen’ ze sträifen. No engem François Gangler, dem Michel Lentz, dem Michel Rodange, dem C.M.Spoo, dem Nik.Welter, dem Isidor Comes, dem Lucien Koenig, deer ganzer Commissioun vum ‘Institut grand-ducal’, villen aneren an der Actioun-Lëtzebuergesch hir verstänneg Sprooch-Identitéits-Aarbecht vu 40 Joer bleift engem do just eent : Héiflech de Kapp ze rëselen ! Sorry !



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!